Editorial: Nach ënner Kontroll
Eis Spideeler sinn, esou d‘Ausso vum Direkter vun der Gesondheetsdirektioun,
Eis Spideeler sinn, esou d‘Ausso vum Direkter vun der Gesondheetsdirektioun,
E Sonndeg, den 1. Mäerz geschitt endlech, wat scho séinlechst
Am Policebericht vun ee Méindeg huet et geheescht: „E Sonndegowend kuerz no 21 Auer gouf eng Ausenanersetzung tëscht méi Persounen, virun engem Lokal un der Maartplaz zu Péiteng gemellt. Laut éischten Informatioune wier mindestens ee Bedeelegte mat engem Messer verletzt ginn an et sinn direkt méi Policepatrullen op d‘Plaz geschéckt ginn“.
Wéi d‘Beamten op der Plaz waren, hu si zwou blesséiert Persounen ugetraff, vun deenen eng dann och Schnëttverletzungen opgewisen huet. Si gouf op der Plaz verpléischtert an zur weiderer Behandlung an d‘Spidol gefouert. De Procureur gouf iwwert de Virfall informéiert, deen dann och eng Enquête ordonnéiert huet. Méi Informatioune gouf et vun offizieller Säit dozou net.
Elo sinn esou Virfäll awer net „üblech“ an no enger „Kläpperei“ huet et sech schonn am Bericht net unhéieren. Ee kuerzen Tour duerch d‘Sozial-Netzwierker huet erginn, datt et hei kaum en einfache Sträit ka gewiescht ginn, deen ee schlecht Enn geholl huet. Villes deit op eng geziilten Aktioun hinn firwat de Verdacht no läit, datt et sech an dësem Kontext ëm eng „Ofrechnung“ handele kann.
Dës Meenung gëtt och vun de Kolleege vum „L‘Essentiel“ gedeelt, déi vun Zeie kontaktéiert goufen a vun dësen op ee „règlement de Compte“ higewise goufen. Hinne gouf, wéi eis och, de Video zougespillt, deen op Facebook verbreet ginn ass. D‘Opnam ass echt a wéist mat wéi engem Äifer d‘Acteuren zu Wierk gaange sinn. Elo bleift ze hoffen, datt dat séier kann opgekläert ginn.
Illustratioun: Jwh (cc by-sa.3.lu)