Search

You may also like

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress
Neiegkeeten

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress

Et ass Chrëschtdag, dir wësst schonn, ee vun deenen Deeg

Déi 22. Editioun vum Concours „Mission Nichtrauchen“
Neiegkeeten

Déi 22. Editioun vum Concours „Mission Nichtrauchen“

Scho säit iwwer zwee Joerzéngten organiséiert d’Fondation Cancer de Concours

Si hunn den Dissident an d‘Hell verbannt
Neiegkeeten

Si hunn den Dissident an d‘Hell verbannt

Nodeems den Alexej Nawalny zu 32 Méint Stroflager veruerteelt gouf,

Mat der Police eng Ronn gedréit

Mat der Police eng Ronn gedréit

Am Kontext vum Dialog tëscht dem Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox (déi gréng) an der Police, gouf et zesumme mam Direkter Patrick Even an der Directrice-Adjointe Myriam Meyer (fir d‘Regioun Stad Lëtzebuerg), eng inoffiziell Visite an de Quartiere Gar a Bouneweg.

Sënn an Zweck vun dësem Besuch war et, sech um Terrain perséinlech ze iwwerzeegen, datt déi Zäitmanagementprinzipie bannent der Police an der Praxis funktionéieren. Déi sollen d‘Flexibilitéit an d‘Proximitéit vun eng héich qualitativer Aarbechtsleeschtung erméiglechen. Dat besonnesch an esou sensibele Quartiere wéi déi vun der Gar a Bouneweg.

Et huet – esou de Communiqué vum Ministère – dem Minister och besonnesch um Häerze geleeën, sech op de Brennpunkte vum Drogemilieu ëmzekucken. Heibäi geet et drëms, datt den Henri Kox aus eegener Erfarung op déi Problemer opmierksam gëtt, déi d‘Beamten am Alldag erliewen. An u Problemer feelt et leider net, firwat jo och privat Sécherheetsdéngschter vun der Stad Lëtzebuerg um Terrain agesat ginn. Dat hat jo fir eppes Onrou gesuergt.

Och eng Fro vun der Organisatioun

De Ministère erënnert nach emol dorunner, datt de Kontingent u Polizisten, fir d‘Kommissariat-Gar am November 2019 ëm 30 zousätzlech Beamten opgestockt ginn ass. Dat well d‘Situatioun an de genannte Quartiere schwiereg a komplex ass. Et gëtt vun de Poliziste vill Flexibilitéit erwaart, an et brauch och stänneg Upassungen, fir d‘Missiounen ze erfëllen.

Zanter dem 4. Januar huet d‘Police seng Organisatioun an dëser Hisiicht optiméiert. Esou ass si wesentlech méi siichtbar a ka senger Roll als Proximitéit-Police besser gerecht ginn. Et bleift awer eng alldeeglech Erausfuerderung, firwat nach vill Efforten, esouwuel vum Ministère wéi och vun der Police muss geleescht ginn.

Et hätt an de leschte Woche wuel eng Rei gréisser Erfolleger am Kampf géint d‘Droge ginn, mee et wier ee sech bewosst, datt et net dann Ament ass fir nozeloossen. Nieft enger gréisserer Präsenz vu Polizisten, muss awer och Preventiounsaarbecht geleescht ginn. Ob a wéi een d‘Streetworker an dëse Prozess abanne kann, misst de Minister eventuell mam Stater Schäfferot beroden.

Foto: (v.l.n.r.) De Regionaldirekter vun der Police, Patrick Even, mam Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox. Si hunn zesumme mat der Directrice-Adjointe, Myriam Meyer (net op der Foto) déi bekannte Brennpunkten an de Quartiere Gar a Bouneweg besicht. © Ministère fir bannenzeg Sécherheet

Related topics Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Myriam Meyer, Patrick Even, Police, Regionaldirektioun
Next post Previous post