Search

You may also like

25 Joer Lëtzebuerger Weltierwen: Optakt vun de Feierlechkeeten
Neiegkeeten

25 Joer Lëtzebuerger Weltierwen: Optakt vun de Feierlechkeeten

E Mëttwoch, den 3. Juli hunn d’Kulturministesch Sam Tanson, d’Stater

D’Begriefnis vum 4. Mee gëtt via Ecran iwwerdroen!
Neiegkeeten

D’Begriefnis vum 4. Mee gëtt via Ecran iwwerdroen!

Kommende Samschdeg, de 4. Mee fënnt d’Begriefnis vum verstuerwene Groussherzog

Weltdag vum Hireschlag – Well all Minutt zielt!
Neiegkeeten

Weltdag vum Hireschlag – Well all Minutt zielt!

Den Hireschlag ass eng Duerchbluddungsstéierung am Gehir, déi esou séier

D‘Police sicht no Zeien

Zu Rolleng ass an der Nuecht op ee Sonndeg eng Damm vun zwee Brigangen iwwerfall an ausgeraibert ginn

D‘Police sicht no Zeien

An der Nuecht op ee Sonndeg, esou de Policebericht, ass eng Damm zu Rolleng (Lamadelaine) am Kreesverkéier vun engem Mann, dee matten an der Strooss gestanen huet, zum Unhale genéidegt ginn. Laut der Police wier de Mann onvermëttelt an d‘Gefier geklommen an hätt d‘Fra gezwongen op ee Parking zu Péiteng ze fueren.

D‘Affer wier ageschüchtert gewiescht an ass ouni Géigewier der Opfuerderung nokomm. Nach e Mann, deen dem Auto gefollegt waarm, wier dunn och an d‘Gefier geklommen an hätt am Auto op d‘Fra ageschloen. Uschléissend solle béid Männer d‘Fra un déi belsch Grenz „gefouert“ hunn, wou si d‘Affer an engem Bësch zeréckgelooss hunn.

Béid Brigangen hunn sech no vollbruechter Dot mat Auto, de Wäertgéigestänn an dem Portmonni vun der Fra duerch d‘bescht gemaach hunn. D‘Damm huet de Wee bis op d‘Strooss fonnt, wou si vun engem Camionschauffer opgegraff an zréckbruecht gouf. Trotz enger séier ageleete Sich no de vermeintlechen Täter, waren dës net opzefannen.

An dësem Kontext sicht d‘Police elo no eventuellen Zeien, déi entweder d‘Dot am Kreesverkéier, den Tëschefall um Parking zu Péiteng, oder méiglecherweis am Beräich vun der belscher Grenz observéiert hunn. Och de Camionschauffer ass gebueden sech zwecks enger Deklaratioun mat der Police a Verbindung ze setzen.

Zoustänneg fir d‘Enquête ass d‘Kommissariat vun Déifferdeng: Tel 244 531 000

Illustratioun: © Lacie Slezak / unsplash

Related topics Déifstall, Iwwerfall, Kreesverkéier, Police, Rolleng
Next post Previous post