Search

You may also like

Däitschland wëll EU-Asylsystem reforméieren
Neiegkeeten

Däitschland wëll EU-Asylsystem reforméieren

Dat Gestreits ëm alles wat vun no a wäit mat

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 30. Oktober)
Neiegkeeten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 30. Oktober)

[onionbuzz quiz-id=44][/onionbuzz] Et ass Weekend! Zäit fir d’Woch a Revue

Minister Claude Turmes positiv op Covid-19 getest ginn
Neiegkeeten

Minister Claude Turmes positiv op Covid-19 getest ginn

De Ministère fir Energie a Minister fir Landesplanung huet d’Nouvelle

Speedmarathon 2021 – D’Police kontrolléiert Är Vitesse!

Speedmarathon 2021 – D’Police kontrolléiert Är Vitesse!

Och an dësem Joer hëlt d’Lëtzebuerger Police um Speedmarathon deel a wäert um haitegen Dag besonnesch vill Vitesskontrollen am ganze Land duerchféieren. Exzessiv Geschwindegkeet verschlëmmert d’Konsequenze vun Accidenter an ass nach ëmmer déi éischt Doudesursaach op den europäesche Stroossen.

Vum 19. bis de 25. Abrëll fënnt déi paneuropäesch Campagne zur Stroossesécherheet „Speed“, organiséiert vu Roadpol, statt a kämpft esou géint de schwéiere Fouss um Gas un. Wie sech un de Code de la Route hält, huet näischt ze befierchten.

Speedmarathon 2021
Police Luxembourg / Twitter

Virun allem zu Spëtzenzäiten – vu 6:00 bis 08:30 Auer a vun 16:00 bis 18:30 Auer – wäerten d’Beamten uechtert dat ganzt Land present sinn an Är Geschwindegkeet moossen. Op de soziale Medien gitt Dir méi zu de Kontrolle vun der Police, zur Vitesse, der Legislatioun a méi gewuer.

Esou goufen de Moien um 7:00 Auer zu Klierf an Esch-Uelzecht schonn jeeweils zwee Protokoller vun 49 € verdeelt, zu Meechtem waren et 4 Protokoller vun 49 € an ee vun 149 € an och zu Keel war een Automobilist ze schnell ënnerwee.

Opmaacherbild: Police Luxembourg / Twitter

Related topics Accident, Beamten, Code de la Route, Police, Protokoll, Roadpol, Speed, Speedmarathon 2021, Vitessekontroll
Next post Previous post