Search

You may also like

„Under Climate Pressure”: Protest virun der Chamber
Neiegkeeten

„Under Climate Pressure”: Protest virun der Chamber

Den 29. November wäert Youth for Climate (YFCL) virun der

Temperaturrekord zu Lëtzebuerg mat 40,8 °C
Neiegkeeten

Temperaturrekord zu Lëtzebuerg mat 40,8 °C

Gëschter ass zu Steesel een neien offizielle Rekord vun der

THISISFOREVERMORE: Dëse Samschdeg an der Kulturfabrik
Neiegkeeten

THISISFOREVERMORE: Dëse Samschdeg an der Kulturfabrik

Um kommende Samschdeg, den 21. September invitéiert d’Kulturfabrik zu Esch

Police: Schwéiert Accident, en Zeienopruff a gepëtzten Drogendealer

Police: Schwéiert Accident, en Zeienopruff a gepëtzten Drogendealer

Wéi d‘Police an hirem festgehalen huet, ass et den 2. Februar géint 13.20 Auer op der N31, tëscht Bieles an Uewerkuer tëscht zwee Gefierer zu enger Frontalkollisioun komm. Aus nach bis ewell ongekläerter Ursaach, huet ee vun de Chaufferen d‘Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass op déi géintiwwergeleeë Bunn geroden. Deen him entgéint kommenden Auto konnt net méi ausweechen.

Den Opprall tëscht de Gefierer war deraart hefteg, datt béid Chaufferen an hiren Autoen ageklemmt goufen. D‘Ekippe vum CGDIS, déi séier op der Plaz waren, hunn d‘Automobilisten aus hire Gefierer mat schwéierem Gerät befreit. Ee vun de Chauffere war zimmlech uerg blesséiert an huet missen op der Plaz noutversuergt ginn, iert dëse konnt an d‘Spidol vum Déngscht iwwerstallt ginn.

Och d‘Automobilistin aus dem zweeten Auto, huet op der Plaz missen éischtversuergt ginn, iert si gläichfalls an d‘Spidol iwwerstallt ginn ass. Wärend de Rettungsaarbechten an der uschléissender Enquête duerch de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war d‘Strooss gespaart an de verkéier ëmgeleet ginn. Um 16.15 Auer huet d‘Police d‘N31 fir den allgemengen Trafic fräiginn.

Zeie gesicht

No engem Verkéiersaccident géint 12.30 Auer an der Lëtzebuerger-Strooss zu Kolmer-Bierg, huet ee vun den um Accident bedeelegten Automobilist sech duerch d‘Bascht gemaach. Beim Gefier vum flüchtege Chauffer handelt et sech ëm ee wäisse Fiat Punto mat Lëtzebuerger Nummereschëlt.

Aus dem Policebericht ass weider ze enthuelen, datt de flüchtege Chauffer, sech mat héijer Vitesse an ënner Mëssuechtung vun direkt enger ganzer Rei Virschrëfte verfuusst huet. Den Auto selwer huet d‘Police wéineg méi spéit zu Ierpeldeng an enger Wiss un der Sauer (nieft der „Porte des Ardennes“) lokaliséiert. Vun den zwee Insassen aus dem Gefier feelt allerdéngs bis ewell all Spur.

D‘Persounen aus dem Gefier gi wéi follegt beschriwwen: 2 Männer, Fräizäitkleedung: brong-gréng Vest/Jackett, Jeans-Box. Béid Männer hätte brong Hoer. Wiem gëschter am Raum Ierpeldeng zur genannter Zäit Persounen opgefall sinn, op déi d‘Beschreiwung zoutrëfft, ass gebieden sech mam Kommissariat zu Dikrech (Tel 244 80 10 00) oder dem 113 a Verbindung ze setzen

Nach Accidenter

1) Op der Wäistrooss bei Gréiwemaacher, war et um 7.20 Auer zu engem schwéieren Accident komm. Net wäit vum Camping (a Richtung Meechtem) gouf eng Fra op engem Zebrasträife vun engem Auto erfaasst. D‘Affer huet missen op der Plaz noutversuergt ginn, iert si konnt an d‘Spidol iwwerfouert ginn. Liewensgefor besteet net an d‘Police huet den Onfallprotokoll erstallt.

2) Um Lampertsbierg war et géint 7.45 Auer, wou en Auto an eng Cyclistin, op der Kräizung Victor Hugo Strooss & Ermesinde-Strooss net laanscht enaner komm sinn. Beim iwwerfuere vun der genannter Kräizung war d‘Damm um Vëlo vun engem Auto ugestouss ginn, gouf glécklecherweis heibäi net schwéier blesséiert. Éischten Erkenntnisser no, hätt d‘Damm um Vëlo d’Virfaartsreegelen net respektéiert.

Drogendealer verhaft

1) Um Freidegowend (29. Januar) ware Polizisten zu Réideng an der Industriestrooss zwee Männer opgefall, déi den Androck gemaach hunn en „Handel“ anzegoen. D‘Polizisten déi scho virwëtzeg waren hunn d‘Männer kontrolléiert, an hiren „Androck“ war bestätegt. Beim „Keefer“ gouf eng Kokain-Kugel fonnt, déi hie beim vermuttlechen Dealer kaf hat. No kuerzen Ermëttlunge konnt an enger Stopp, net wäit ewech, de Rescht vum Assortiment (eng Titche mat 6 Bulle Kokain) vun de Beamte séchergestallt ginn.

2) Den Dag drop (30. Januar), nach ëmmer zu Réideng, hunn d‘Beamten am spéiden Nomëtteg ee weideren Dealer am Ëmfeld vun der Gar gepëtzt. Dat nodeems dësen „erfollegräich“ Kontakt mat engem Konsument opgeholl hat, an et zum Handel op der Gar komm ass. Och an dësem Fall gouf d‘Lager vum Händler séier ermëttelt. Aus dësem hunn d‘Polizisten 5 Bulle Kokain entholl. Déi séchergestallten Drogen, d‘Boergeld an e Smartphone goufe beschlagnaamt.

3) Um Sonndeg (31. Januar) stoung dann Esch am Mëttelpunkt. Op der Brillplaz hat ee Mann sech opfälleg beholl, wat enger Police-Patrull net entgaange war. Dësen hat eppes ze offensichtlech seng Direktioun geännert, firwat hien ugehale gouf. Bei de uschléissend duerchgefouerter Kontroll war de Personnage opfälleg nervös, huet sech widderholl un Jacketten- a Boxentäsche gefaasst. Et gouf dem Mann „gehollef“ an esou sinn 9 kleng Titercher mat Kokain zum Virschäi komm. Et gouf och hei dat fonnte Boergeld an de Smartphone beschlagnaamt.

An allen dräi Fäll huet d‘Staatsanwaltschaft d‘Verhaftung vun den vermuttlechen Drogendealer ugeuerdent. Déi goufe jeeweils den Dag no der Dot dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Foto: Accident op der N31 tëscht Bieles an Uewerkuer © Police

Related topics Accident, Drogen, Police, Staatsanwaltschaft, Untersuchungsriichter
Next post Previous post