De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet
Am Kader vum „Spacemining-Projet“ mécht de Wirtschaftsministère grouss Efforte fir
Am Kader vum „Spacemining-Projet“ mécht de Wirtschaftsministère grouss Efforte fir
[onionbuzz quiz-id=79][/onionbuzz] Nëmmen duerch üben gëtt een zum Meeschter. Dat
Nodeems d’Sauer ëmmer erëm verknascht ginn ass, konnt een zwar
Et gëtt awer Saachen, bei deenen hëlleft net emol méi Kapprëselen. Mir hunn eng sanitär Kris déi eis vill Fräiheeten hëlt, an datt dat besonnesch fir jonk Mënschen eng Belaaschtung duerstellt, dat stellt keen a Fro. Wann een sech awer – et läit jo eppes Schnéi – no 23 Auer Rendez-vous op engem Parking gëtt dee vu iwwerall anzegesinn ass, dierf ee sech net wonneren, wann de Schnéi blo liicht.
Genee dat awer war de Fall um Parking bei den Däichhalen zu Ettelbréck. Eng ganz Band jonker Automobilisten hu sech geduecht, datt bei dëse gellege Wiederkonditiounen, emol den Ego esou richteg d‘Sau erausloosse kann. Woubäi et éischter drëms gaangen ass, de Kolleege ze weisen, wéi sécher een dat eegent Gefier op rutschegem Ënnergrond beweege kann. Blöd datt dat verbueden ass.
Dat ganzt Gespills ass akustesch a visuell (ëmmerhi sinn d‘Kadette mat den Luuchte gefuer) séier opgefall, an et huet keng Éiwegkeet gedauert, bis déi Dikrecher Police dem mobillen Äisballet de Stecker gezunn huet. 7 Piloten hunn en taxéierten Avertissement wéinst geféierlechem Opgeféiers a Verstouss géint de Code de la Route kritt. Als Prime gouf et nach Protokoller wéinst der Spärstonn.
Ausser der motorsportbegeeschterter Jugend, sinn nach zwee weider Automobilisten eiser Police opgefall, wat och nees Konsequenze mat sech bruecht huet. Esou géint 22.40 Auer, wéi ee Chauffer op sech Opmierksam gemaach huet, wéi hien aus der falscher aus engem Sens Unique an d‘Escher-Strooss eragefuer ass. Den Alkoholtest war positiv, de Führerschäi gouf agezunn a Protokoll erstallt.
Vun dat Stad op Esch: hei ass der Police kuerz virun 3 Auer ee Chauffer opgefall, deen zu spéider Stonn nawell eppes Schëtzeg ënnerwee war. Firwat de Mann presséiert war a wat hien ëm dës Zäit op der Strooss ze sichen hat, dat wollten d‘Beamten da vun dësem wëssen, firwat hien ugehale gouf. Et gouf déi Stater Prozedur agehalen an zousätzlech nach d‘Prime fir d‘Spärstonn erhuewen.
Fir de Recht schéngt et am Land éischter zougaangen ze sinn, weider Meldunge vun der Police hat et bis ewell jiddefalls net. D‘Police weist nach emol drop hinn, datt si d‘Anhale vun de Covid19-Reegelen och weiderhinn am A behale wäerten a réit dovunner of, sech als „Drift-Spezialist“ bei de Frënn profiléieren ze wëllen. Wat no Spaass ausgesäit ass wierklech geféierlech an och verbueden.
Illustratioun: Jo den Internet (a besonnesch YouTube) ass voll vun Driftbeispiller, iwwregens och därer déi schlecht ausginn. Datt et engem awer duerno ass, wann dann emol Schnéi läit, kann och bei allem Versteesdemech, unhand der Gefor déi matfiert, net guttgehale ginn. © Håkon Sataǿen / unsplash