Search

You may also like

Spidol Ettelbréck a Wolz un der Limitt ukomm
International Neiegkeeten

Spidol Ettelbréck a Wolz un der Limitt ukomm

Den CHdN ass u seng Grenzen ukomm an ergräift elo

Den Trump elo Ofsetzen!
International Neiegkeeten

Den Trump elo Ofsetzen!

Et ass jo elo net esou wéi wann d‘Demokraten et

Duebel gratuléiert: S.A.R. de Groussherzog an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

Duebel gratuléiert: S.A.R. de Groussherzog an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag!

Um groussherzoglechen Haff kann haut direkt duebel gefeiert ginn. S.A.R

Frankräich: Policegewalt vun Iwwerwaachungskamera dokumentéiert

Frankräich: Policegewalt vun Iwwerwaachungskamera dokumentéiert

D‘Onlineportal „Loopsider“ huet een zimmlech erschreckende Video verëffentlecht, an wellechem ze gesinn ass, wéi ee Museksproduzent vu Paräis (17è Arrondissement) vu véier Polizisten zolidd erbäigeholl gëtt. Déi véier Poliziste sinn elo suspendéiert ginn, esou wéi d‘Iwwergrëff aktéiert sinn, sollen déi véier Beamten entlooss ginn.

Et war bal net ze gleewen, wéi um Donneschdeg „Loopsider“ den integrale Videoclip vum Ugrëff op de Michel Zecler verëffentlecht huet, an een nokucke konnt, wéi sech blann Gewalt um Mann entlueden huet. D‘Opzeechnung ass echt, si entstaamt enger Iwwerwaachungskamera a gëtt och net vun der Police a Fro gestallt. De Clip ass selbstverständlech ganz fix am Netz verbreet ginn.

De Parquet vu Paräis huet eng Enquête fir „Gewalt & Fälschung“ diligentéiert, den Inneminister Gérald Darmanin huet op „France2“ d‘Revocatioun vun de Poliziste verséchert. Gesäit een en Ament vum Virfall u sech of, a bezitt een sech op den aktuelle politesche Kontext a wellechem dës „Bavure“ sech zougedroen huet, da sollt ee sech op héchster Stell elo awer déi richteg Froe stellen.

Policegewalt

Esou huet déi franséisch Regierung den Ament ee Gesetztext zur Ofstëmmung virgeluecht, dee sech ëm déi global Sécherheet (just fir Frankräich) dréint, an en Artikel enthält, mat deem et soll elo verbuede sinn, Polizisten am Asaz ze filmen, an d‘Biller ze verëffentlechen. Et géif dobäi drëms goen, d‘Beamten an hir Famillje virun Iwwergrëff ze schützen, falls ee se géif erkennen.

Wier dëst Gesetz schonn a Kraaft, wier et net méiglech gewiescht d‘Biller vum Ugrëff op de Michel Zecler ze verëffentlechen. Och déi éischter muskléiert Aktioun, déi zur Opléisung vun engem Lager vu Migranten am Häerz vun der franséischer Haaptstad gefouert hat, war dokumentéiert ginn an et muss elo géint den „Asaz“ ermëttelt ginn. D‘Iwwergrëff sinn hefteg an ëmfaassend dokumentéiert.

Am Fall vum Museksproduzent, haten d‘Polizisten absolutt keng Ahnung, datt hiren „Asaz“ vun enger Iwwerwaachungskamera gefilmt géif ginn. Esou hunn si sech och entspriechend an hirem Bericht notéiert, datt si vum Michel Zecler ugegraff goufen an dësen sech och der Interpellatioun widdersat hätt. D‘Biller widderleeën d‘Aussoe vun de Polizisten a fuerderen eng kloer Äntwert.

Ob an a wei enger Form, dëser institutionaliséierter Gewalt ze begéinen ass, dat ass net gewosst. Geschéien deet bekanntlech ëmmer eréischt dann eppes wann et entweder ze spéit ass, oder sech d‘Verbriechen net méi verheemleche léisst. Zudeem dierft dëse Virfall och an ee puer wéinege Wochen nach just eng „digital Erënnerung“ sinn. An dëse „Problem“ besteet europawäit…

mat indymedia/par

Related topics Frankräich, Loopsidernews, Michel Zecler, Paräis, Police, Policegewalt
Next post Previous post