Search

You may also like

De betreiten Drogekonsum gëtt politesch begleet
Neiegkeeten

De betreiten Drogekonsum gëtt politesch begleet

Den 31. Januar hat de Gesondheetsminister, Etienne Schneider (LSAP) eng

Editorial: Chaos a Gewalt un de Paarte vun Europa
Neiegkeeten

Editorial: Chaos a Gewalt un de Paarte vun Europa

De Sultan Recep Tayyip Erdogan ass vun „Europa“ enttäuscht: d‘EU

De Vietnam späert Internetaktivist, deen Ëmweltskandal veruerteelt, an
Neiegkeeten

De Vietnam späert Internetaktivist, deen Ëmweltskandal veruerteelt, an

En Internetaktivist, deen am Vietnam op Ëmweltproblemer higewisen huet, notamment

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach

No enger Transitiounsphase vu gutt zwee Joer an dat onofhängeg vum Gesetzestext, konnt de Vizepremier haut an der Mëttegstonn de leschte Stand virbréngen. Esou schéngt d‘Zesummeleeë vun de Kommissariater ouni weidert Geknouters am wäitste Sënn ofgeschloss. Den Etienne Schneider betount dann och, datt hei zu kengem Ament d‘Sécherheet vun de Bierger a Fro gestallt gi wier.

Et war dann och nach gewuer ze ginn, datt d‘Kriminalitéit insgesamt réckleefeg ass. Am Drogemilieu gëtt et méi Verhaftungen an d‘Police erziilt och bei den Abréch erwise gutt Resultater. Den Etienne Schneider ass awer dann och beim Bierger, a versteet, datt all Abroch een ze vill ass. Begréisst gëtt dann awer, datt et bei de Leit ukomm ass, an d‘Police als „Biergerno“ ugesi gëtt.

De neie Budget ass dann och ëm 10% an d‘Luucht gaangen a beleeft sech elo op 227 Milliounen Euro.

Eng Police déi zudeem gutt opgestallt ass an och d‘Moyenen dofir kritt. De neie Budget ass dann och ëm 10% an d‘Luucht gaangen a beleeft sech elo op 227 Milliounen Euro. Dem Wonsch no neiem Equipement ass Rechnung gedroe ginn. De Revolver gëtt wéi laang gefuerdert duerch eng Pistoul ersat.

Méi Personal zougesot

Nieft dem Equipement ass och d‘Zuel vun de Beamten ausschlaggebend fir d‘Sécherheet an deem Mooss ze garantéiere wéi dat vum Bierger gefuerdert gëtt. Hei ass dann och dem Minister kloer, datt sech dat nëmme mat engem méi héijen Effektiv maache léisst.

„Mir brauche méi Polizisten. Déi ze fannen a jonk Leit ze encouragéieren eng Carrière bei der Police ze ergräifen ass d‘Zil. Mir versécheren dann och jidderengem, deen den Exame packt, eng fest Plaz“

Etienne Schneider, Vize-Premier a Minister fir national Sécherheet a Verteidegung

„Mir brauche méi Polizisten. Déi ze fannen a jonk Leit ze encouragéieren eng Carrière bei der Police ze ergräifen ass d‘Zil. Mir versécheren dann och jidderengem, deen den Exame packt, eng fest Plaz“, betount den Etienne Schneider, deen dann hei och schonn éischt Zuele virleeë kann. Fir dëst Joer hunn 120 Polizisten hiren Déngscht ugetrueden, domatter sinn netto 50 Beamte méi um Terrain, wéi der an d‘Pensioun ginn.

Zudeem sollen esouwuel d‘Strukture wéi eben och d‘Aarbechtskonditioune verbessert ginn. De legale Kader an deem d‘Beamten hirem Déngscht mussen nogoen, muss méi kloer definéiert ginn. Dofir kënnt dann d‘Reform: D‘Police brauch Rechtssécherheet an dofir ass d‘Gesetz och entspriechend ausgeluecht ginn.

Der Interventioun vum Staatsrot Rechnung gedroen

De Vizepremier ka verstoen, datt et Geknouters ginn huet, dat well de Staatsrot bei verschidde Punkten eng formell Oppositioun zum Ausdrock bruecht huet. Fir deene gerecht ze ginn, awer ouni op déi grondleeënd Fuerderunge vun den implizéierten Acteuren ze mëssuechten, sinn entspriechend Amendementer virgeholl ginn.

Eng Prozedur déi an der Koalitioun interfraktionell Zoustëmmung fonnt huet. Den iwwerschafften Text ass dem Staatsrot fir den „avis complémentaire“ zougestallt ginn. Hei muss dann och de Kritiker kloer gesot sinn, datt d‘Gesetz sech esouwuel den Erausfuerderunge vun enger neier Form vun der Bedreeung stellt, wéi och d‘Biergerrechter berécksiichtegt.

Den Text sollt dann och den 28. September an enger éischter Sëtzung betruecht ginn. Am ganzen si fënnef Sëtzunge virgesinn, et wier awer wichteg, dëst Gesetz esou schnell wéi méiglech duerch d‘Instanzen ze kréien.

Fuerderungen an Entscheedungen

Am Gesetz gëtt et dann och nieft den Ännerungen och puer Zousätz. Esou hunn déi zu Lëtzebuerg néiergeloossen EU-Institutiounen d‘Demande gemaach, fir hiert externt Personal vun der Police kontrolléiert ze kréien. Och den OLAI (déi sech ëm d‘Refugiéen an d‘Migrante këmmert) huet ugefrot, direkt dierfen d‘Police unzefuerdere wann d‘Situatioun dat verlaangt.

Präventiv d‘Sécherheet vun de Bierger ze garantéieren ass an haidegen Zäiten inevitabel.

Déi Demandë wieren am korrigéierten Text berécksiichtegt ginn, bestätegt de Minister. Kloerheet gëtt et elo och fir alles wat an der Beräich vun der Police „Administrative“ fält. Präventiv d‘Sécherheet vun de Bierger ze garantéieren ass an haidegen Zäiten inevitabel.

Am Gesetz ass dann och verankert wéi a wéini zum Beispill e Buergermeeschter den Asaz vun der Police kann ufuerderen. Och den zoustännege Minister kann a besonnesche Fäll eng Ordonnance bestëmmen. Déi kënnen dann eppes méi contraignant fir de Bierger sinn, wieren awer unhand den terroristeschen Aktivitéiten an Europa rechtlech vertrietbar.

Jidderengem et Recht maachen, datt ass och enger mëtt-lénks Koalitioun net méiglech. Mat den Amendementer an der Garantie, datt weder de Minister nach de Staatsrot wëlles huet, zu Lëtzebuerg de Policestaat auszeruffen, sollt een dësem Gesetz eng Chance ginn. Esou d‘Fuerderung vun esouwuel dem Vizepremier Etienne Schneider, wéi vum Direkter vun der Police, Philippe Schrantz.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Etienne Schneider, Policereform, Staatsrot
Next post Previous post