Search

You may also like

CNFP: Keng schlecht Zensur fir d’Regierung
Fail International Neiegkeeten

CNFP: Keng schlecht Zensur fir d’Regierung

Um Freideg huet den nationale Rot fir d’ëffentlech Finanzen (CNFP)

Schwéier Bëschbränn a Portugal
Fail International Neiegkeeten

Schwéier Bëschbränn a Portugal

Portugal muss sech den éischte grousse Bëschbränn vun der Saison

Paräis: Explosioun an enger Bäckerei – dräi Doudeger
Fail International Neiegkeeten

Paräis: Explosioun an enger Bäckerei – dräi Doudeger

Um Samschdegmuere géint 9 Auer, ass et an enger Bäckerei

dislike

Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt

Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt

Déi westlech Sahara, fréier spuenesch Kolonie, gëtt zum groussen Deel vu Marokko kontrolléiert. Polisario* reklaméiert d’Sahara awer fir sech. Rabatt, dat dovunner ausgeet, datt dësen immensen Territoire zum Kinnekräich gehéiert, bitt eng erweidert Autonomie ënner senger Souveränitéit un.

Polisario, ënnerstëtzt vun Alger, huet eng Demokratesch Arabesch Sahara Republik (SADR) ausgeruff an fuerdert e Referendum zur Selbstbestëmmung. Polisario kontrolléiert selwer ronn 20% vum westleche Sahara, laanscht d’Grenze vun Algerien a Mauretanien.

D’Wüsteregioun vun 266.000 Quadratkilometer as räich a Phosphat a huet eng 1.000 Kilometer Küst zum Atlantik. Hei sinn et besonnesch d’Fëschbestänn déi eng wirtschaftlech Ressource sinn. Am Norden zanter den 80er Joren duerch eng Mauer vun 2.700 Kilometer vum Marokko ofgeschnidden, zielt d’Heemescht vu Polisario iwwert eng hallef Millioun Awunner.

Laâyoune, déi al Haaptstad, läit an der Regioun déi vu Marokko administréiert gëtt. Als weider wichteg Stied sinn do och Dakhla a Smara. Jee no Informatiounsquell, sollen 100 bis 200.000 Refugiéeën a Lager bei der algerescher Stad Tindouf – 1.800 Kilometer südëstlech vun Alger – ënnerbruecht sinn.

Déi westlech Sahara ass dann och deen eenzegen Territoire um afrikanesche Kontinent, wou de post-koloniale Statut bis haut net gekläert ass. De Konflikt deen an de 70er säin Ursprong huet, weit schwéier op de Relatiounen tëscht Algerien a Marokko, déi alle béid d‘Grenz säit 1994 ofgerigelt hunn.

Maueren

No laangen Ausenanersetzungen, huet den internationale Geriichtshaff zu Den Haag sech 1975 fir d’Selbstbestëmmung vun dësem Vollek ausgeschwat. En Entscheedung déi vum “grénge Marsch”, initiéiert vum marokkanesche Kinnek Hassan II, begleet gëtt. Deemools konnten 350.000 Marokkaner mobiliséiert ginn, déi esou weise sollten, datt d‘Regioun zum Kinnekräich gehéiert.

1976 rifft Polisario d‘SADR aus. Heibäi gëtt Polisario vun Algerien a sengen historeschen Alliéierten, Kuba a Südafrika ënnerstëtzt. Polisario gëtt säit Juli 2016 vum charismatesche Brahim Ghali geleet, hien hat de Mohammed Abdelaziz – Generalsekretär vun 1976 bis 2016 – un der Spëtzt ofgeléist.

1979 huet sech Marokko, nodeems Mauretanien op seng territorial Uspréch verzicht huet, esogutt wéi déi ganz westlech Sahara averleift. Wéinst dem Widderstand vu Polisario, si wäitleefeg Maueren opgeriicht ginn. 16 Joer huet de “Krich” gedauert dee vill Leed op béide Säiten ervirgeruff huet. 1991 ass et endlech zum Waffestëllstand komm.

Esou laang stinn tëscht de “Fronten” d’UN-Blohelmer vun der MINOURSO, mam Optrag uecht ze dinn, datt de Waffestëllstand och agehale gëtt. D‘Missioun soll esou laang op der Plaz bleiwe bis de Statut vun der Géigend endgülteg gekläert ass. D‘Haaptquartéier vun der MINOURSO ass zu Laâyoune an d‘Stëmmung mat de marokkaneschen Autoritéiten éischter Ugespaant.

E Referendum zur Selbstbestëmmung, wéi e vun de Vereenten Natioune virgesinn ass, gëtt zanter 1992 ëmmer nees verluecht. Als Grond féiert d‘UNO un, datt ee sech net eens gëtt wien alles soll dierfe Wielen. Wéi 1984 d‘SADR vun der Organisatioun vun der afrikanescher Eenheet (AUO – spéider AU „African Union“) opgeholl gi war, hat Marokko d‘Unioun verlooss. Säit Januar ass Marokko op eegene Wonsch an no iwwer 30 Joer nees Member.

Neie Versuch d‘Lag endlech ze klären

Nodeems sech Marokko Enn Februar, du Polisario Enn Abrëll, aus der Pufferzon vu Guerguerat, engem Niemandsland un der Grenz zu Mauretanien, zréck gezunn hunn, besteet nees Hoffnung op en definitive Fridden.

Den 28. Abrëll huet den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun ugeholl, déi sech fir d‘Ophuele vu Verhandlungen asetzt. Gläichzäiteg ass d‘Missioun MINOURSO fir e weidert Joer verlängert ginn. De 16. August gëtt de fréieren däitsche Bundespresident Horst Köhler zum neien Emissär vun der UNO fir de wesentleche Sahara agesat.

Säit e Méindeg ass hien an der Géigend ënnerwee. Hie wëll an enger éischter Phas sondéieren, op d’Gespréichsbereetschaft op béide Säite Bestand huet. Och mat Mauretanien an Algerien soll et Gespréicher an Entrevue ginn, iert dem UN-Sécherheetsrot d’Erkenntnesser virgeluecht kënne ginn.

mat AFP

Foto: De Brahim Ghali, Generalsekretär vu Polisario a President vun der Demokratesch Arabesch Sahara Republik. Hie leet d‘Geschécker vu sengem Land aus dem Flüchtlingslager am algereschen Tindouf. D‘UN schafft un neie Friddensverhandlungen an der Eenegung iwwert e Statut fir d‘Géigend. (s) Stringer/Ryad Kramdi/AFP

(*) aus dem spueneschen: Frente Popular para la Liberación de Saguía el Hamra y Río de Oro

Related topics Brahim Ghali, Horst Köhler, Marokko, Polisario, Vereente Natiounen
Next post Previous post