Search

You may also like

De Staat ënnerstëtzt Studente mat Milliounen – Och fir d’Studium am Ausland ze erliichteren
Neiegkeeten

De Staat ënnerstëtzt Studente mat Milliounen – Och fir d’Studium am Ausland ze erliichteren

Am Ufank vun engem akademesche Joer, gëtt um Héichschoulministère ëmmer

Debat: Solle Poliziste prioritär geimpft ginn?
Neiegkeeten

Debat: Solle Poliziste prioritär geimpft ginn?

Am Kontext vun der Covid19-Pandemie an der jo elo méiglecher

surprise
En amerikanescht Duerf verdeedegt säi Waasser géint Nestlé
Neiegkeeten

En amerikanescht Duerf verdeedegt säi Waasser géint Nestlé

Nestlé, de Schwäizer Liewensmëttelkonzern deen der Meenung ass datt Waasser

D‘Jugend soll méi Afloss op politesch Entscheedungen huelen

Déi Jonk Demokraten (JDL) fuerdere d‘Walrecht ab 16 Joer fir d‘Gemengewale vun 2023

D‘Jugend soll méi Afloss op politesch Entscheedungen huelen

Et ass allgemeng eng Fuerderung, déi zanter enger Rei Joren ufänkt sech ëmmer méi, och bei den Erwuessene breet gemaach huet: d‘Jugend an d‘Politik besser ze vernetzen, wat méi Bedeelegung erfuerdert an esou och mat Rechter muss anhier goen. 2015 gouf dat awer am Referendum nach verworf. Elo proposéiert d‘JDL, d‘Walrecht ab 16 Joer fir d‘Gemengewalen ab 2023 anzeféieren.

Beim Referendum, wou ganz Allgemeng d‘Walrecht ab 16 Joer – also fir Gemenge-, National- an Europawalen – gefuerdert gouf, war argumentéiert ginn, datt déi jonk kaum politesch Interessen hunn a souwisou net gescheit genuch wieren, eng vernënfteg Walentscheedung ze treffen. Firwat dann awer um Jugendgemengerot an dem Jugendparlament festgehale gëtt, gouf net gefrot.

Mat dem erneite Virstouss vun de jonken Demokraten, gëtt den Debat zum Walrecht ab 16 Joer nees ugestouss, an dat sollt ee begréissen. D‘JDL huet sech allerdéngs der sengerzäit erhuewener Kritik net verschloss, firwat net „einfach esou“ d‘Walrecht gefuerdert gëtt. Dëst „Walrecht“ misst, esou d‘JDL, vu schoulesche Mesure begleet ginn an d‘Informatiounsoffer muss adequat ausgebaut ginn.

Déi jonk Demokrate sinn dann och iwwerzeegt, datt esou ee Schratt net nëmmen Zukunftsweisend ass, mee d‘Bedeelegung u Kommunalwalen zwangsleefeg och derzou féiert, datt sech an der Schoul méi mat eben dëser „Kommunalpolitik“ géif ausenanergesat ginn. Si weisen och drop hin, datt et dank dem Mouvement „Fridays 4 Future“ sollt opgefall sinn, datt Jugend wuel politesch aktiv ass.

Et soll dann awer keen neie Referendum zu Walrecht ab 16 Joer ginn. D‘JDL begënschtegt hei den Asaz vun engem Biergerrot, deen dëse Sujet sollt debattéieren an der Chamber am Uschloss sollt eng Recommandatioun ënnerbreeden. De Biergerrot soll „ausgeloust“ ginn, mee trotzdeem déi ganz Populatioun representéieren. Um Walrecht fir National- an Europawalen gëtt natierlech festgehalen.

Illustratioun: Kartub / Pixabay

Related topics JDL, Jonk Demokraten, Kommunalwalen, Walrecht, Walrecht ab 16 Joer
Next post Previous post