Search

You may also like

surprise
ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?

D‘Vertrieder vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Medezinsstudente (ALEM) gesi

Voyager 1: d‘NASA start ee säit 37 Joer onbenotzte Rakéitenantrib
Neiegkeeten

Voyager 1: d‘NASA start ee säit 37 Joer onbenotzte Rakéitenantrib

No 37 Joer am Weltraum ouni benotzt ginn ze sinn,

natur&ëmwelt: Vu pelzesche Brummer op Wunnegssich
Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Vu pelzesche Brummer op Wunnegssich

Aktuell siche solitär Wëllbeien, wéi och Mauerbeien, no Huelraim fir

Méi Finanzmëttel fir déi politesch Fraktiounen

Méi Finanzmëttel fir déi politesch Fraktiounen

2020 soll et – esou war et och am Koalitiounsaccord virgesinn – méi Goss fir d‘Chamber ginn. Et soll esou méiglech gemaach ginn, datt all Deputéierten säin „Vollzäitmataarbechter“ kritt. Bis ewell konnt en Deputéierte just ee Mi-Temps proposéieren.

Dat heescht elo konkret, datt d‘Enveloppe fir all Volleksvertrieder vun 3.727 Euro op 6.495 Euro gehéicht gëtt. Woubäi een dofir eng Rei Konditiounen erfëlle muss. D‘Chamber gëtt dëst Geld och nëmmen da weider, wann den Deputéierten eng Persoun astellt.

Laut dem Alex Bodry, President vun der LSAP-Fraktioun um Krautmaart, gëtt esou eppes an der Praxis anescht gehandhaabt. A fir kee Mëssel opkommen ze loossen, kann en Deputéierten dat Geld och der Fraktioun zur Verfügung stellen. Déi géif dann d‘Leit astellen.

Dës Verännerunge sinn eestëmmeg begréisst ginn, an d‘Martine Hansen, Presidentin vun der CSV-Fraktioun erkläert, datt mat dësem Geld och Honoraire-Konventioune mat Affekoten oder Experte kënnen ofgeschloss ginn. Dogéint léisst sech näischt soen.

Am Amendement deen dës nei Bestëmmunge festleet, sinn allerdéngs och Hürden agebaut ginn, déi solle verhënneren, datt et zu fiktive Beschäftegungsverhältnisser kënnt. An dësem Zesummenhang soll och d‘Parteiefinanzéierungsgesetz amendéiert ginn.

Esou soll et dem Rechnungshaff méiglech gemaach ginn, och d‘Finanzéierung vun de Fraktiounen am A ze behalen. Wéi eng Konditiounen de Salarié ze erfëllen huet fir sech op esou Plaz ze mellen, bleift dann och de Parteien iwwerlooss. An un Aarbecht feelt et net…

Foto: Frantisec krejci / Pixabay

Related topics Chamber, Finanzen, Fraktiounen, Krautmaart, Politik
Next post Previous post