Search

You may also like

OPGEPASST: Réckruff vun flëssegem Eewäiss wéinst Salmonellen
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Réckruff vun flëssegem Eewäiss wéinst Salmonellen

D’Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet deele mat, datt beim flëssegen Eewäiss

Bedreete Pressefräiheet
International Neiegkeeten

Bedreete Pressefräiheet

Dat sinn net déi eenzeg schlecht Nouvellen déi de Joresbilan

De Prix Servais 2020 fir dem Francis Kirps säi Wierk
International Neiegkeeten

De Prix Servais 2020 fir dem Francis Kirps säi Wierk

D’Fondation Servais huet dem Francis Kirps fir säi Buch „Die

Liicht politesch Onrouen an der Belsch

Eis belsch Noperen zëssen sech wéinst der Ernimmung vum Didier Reynders als EU-Kommissär

Liicht politesch Onrouen an der Belsch

Nodeems de Charles Michel e Samschdegowend konnt gemaach huet, datt déi federal Regierung den Didier Reynders als EU-Kommissär géif virschloen, huet et net laang gebraucht bis sech déi éischt Kritiker zu Wuert gemellt hunn. Dee war no engem „elektronesche Ministerrot“ bestätegt ginn a muss elo vun den europäeschen Autoritéiten ugeholl ginn.

Elo ass et awer esou, datt eis Noperen – wéi eigentlech ëmmer – keng Regierung am eigentleche Sënn hunn, mee e sougenannte „Gouvernement fir lafend Geschäfter“. An deen huet d‘Flicht d‘Interesse vum Staat ze vertrieden. Dat bréngt mat sech datt drénglech Dossieren engem Ofschloss mussen zougefouert ginn. Fir de Choix vum Didier Reynders als EU-Kommissär, ass d‘Parlament dann och net consultéiert ginn. Dat war awer vun enger Majoritéit un Deputéierte gefuerdert ginn.

Belsch

De Charles Michel huet d‘Entscheedung domatter begrënnt, datt déi finnesch Presidence vun de Memberlänner gefuerdert hat, d‘Nominéierunge bis zum 26. August anzereechen, firwat et zäitlech net méiglech war deem ganzen anescht ze begéinen. Woubäi esou eng Decisioun schonn zolidd un de Fundamenter vun der Verfassung rëselt. U Kritik feelt et och net: esou den Olivier Maingain vun DéFi, dee carrement vun engem Staatsstreech ausgeet, an dem N-VA deen no der Legitimitéit freet.

En „Déjà-vu“

A schonn 2014 hat sech eis Nopere richteg schwéier gedoen hiren EU-Kommissär ze wielen. Wéi d‘Belsch um 2. September sech endlech fir e Premierminister entscheet haten – dat war de Charles Michel (MR) – ass de Poste vum EU-Kommissär un d‘Marianne Thyssen (CD&V) gaangen, wou deen eigentlech – dat ass an der Politik ganz üblech – dem Didier Reynders (MR) versprach war.

BelschElo ass et dann och nach esou, datt déi nei EU-Kommissiounspresidentin, Ursula von der Leyen, och drop drängt d‘Nimm vun de Kommissäre virgeluecht ze kréien. Si huet an dësem Kontext drop gedrängt, méiglechst uecht ze doen, datt et eng paritéitesch Lëscht gëtt. De PS hat dann och seng Kandidatin, Laurette Onkelinx an d‘Renne geschéckt, wat wéi elo gewosst ass, verluere Méi war.

BelschDe President vum PS, Elio di Rupo, kann d‘Entscheedung just „notéieren“ erwaart sech awer en ëffentlechen Debat am Parlament. En Debat dee sech mat den Optioune vum Kandidat ausenaner setze muss, déi dësen am europäesche Kontext ze verdeedegen hätt. Den EU-Deputéierte Marc Tarabella (PS) denoncéiert eng politesch Farce an gesäit d‘Aktioun als en Ugrëff op d‘Demokratie.

BelschFir déi flammännesch Nationaliste vun der N-VA si mat dëser Decisioun Grenzen iwwerschratt ginn an et ass ee net gewëllt sech dat gefalen ze loossen. Si bezéien sech drop, datt dat wat een aktuell als Regierung hätt, net emol am Usaz eng demokratesch Legitimitéit hätt fir esou wäitreechend an net ofgestëmmten Entscheedung ze huelen. D‘Ernimmung wier e „politesche Kaddo“ esou d‘N-VA.

BelschVun de Kommunisten (PTB) ass déi vun der „Charles-Michel-Regierung“ decidéiert Nominéierung och net begréisst ginn, an hinnen dierf een – gesinn op all déi sëllechen Tweets déi an dësem Kader an d‘Welt gesat goufen – d‘Palm fir déi beschten Ëmschreiwung vum Virgank zougestoen. Fir de betraffene Politiker, Didier Reynders, war et um Enn awer alles an allem e schéine Sonndeg…

Belschmat indymedia/bru

Illustratioun: Pixabay

Related topics Belsch, Demokratie, Didier Reynders, EU-Kommissär, Politik
Next post Previous post