Search

You may also like

Récktrëtt aus der CSV: Villmools Merci Marco Schank!
Neiegkeeten

Récktrëtt aus der CSV: Villmools Merci Marco Schank!

Den CSV-Politiker Marco Schank trëtt den 13. Oktober 2020, bei

LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!
Neiegkeeten

LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!

Dir kommt midd vun der Aarbecht an hutt keng Loscht,

Ankara vu Washington „enttäuscht“
Neiegkeeten

Ankara vu Washington „enttäuscht“

Mat 405 zu 11 Stëmmen huet d‘Representantenhaus zu Washington eng

Dat mat der politescher Rentrée haten si sech anescht virgestallt

Dat mat der politescher Rentrée haten si sech anescht virgestallt

Et war ee kuerzen net wierklech „interessanten“ dofir éischter bedréckende Rendez-vous deen d‘Regierung gëschter fir déi politesch Rentrée zustane bruecht huet. Aacht „Vertrieder“ vun der Regierung déi der eigentlech 17 Opweises huet, waren uwiesend…

An dës Rentrée ass ganz besonnesch fir ee vun den dräi Koalitiounspartner kee Grond fir ze feieren. Rieds ass vun „déi gréng“. Mam Justizminister Félix Braz, deen op onbestëmmt Zäit ausfält, an dem Roberto Traversini, deen zur Stonn „eppes Stress“ a senger Gemeng ausgesat ass, sollt een eppes Versteesdemech dofir hunn datt si den Ament just nach mat ausgewielte Journaliste rieden.

Fir eng Ëmgestaltung vun der Regierung, war et awer och gëschter nach ze fréi, an et dierf een hei duerchaus de grousse Respekt, deen dem Felix Braz entgéint bruecht gëtt, als ee mënschleche Gest erkennen. Politesch awer kann een hei keng Éiwegkeeten ofwaarden. Et dierft zimlech ersiichtlech sinn, datt d‘Sam Tanson, dat Kommissaresch d‘Mandat vum Justizminister iwwerholl huet, dat mat der Kultur an dem Logement ënnert een Hutt kréie kann. Ee „Remaniement“ imposéiert sech.

Dat awer géif bedeiten datt sech déi gréng aus den eegene Reien ee neie Kandidat, respektiv eng nei Kandidatin misste fannen, fir wéinstens ee vun dësen dräi jo awer „gewiichtege“ Portefeuillen ze iwwerhuelen. Spekuléiert gouf ob méiglecherweis d‘Fraktiounscheffin Josée Lorsché, fir dëst fräit Mandat a Fro kéim. Allerdéngs sollt ass och de Roberto Traversini am Gespréich fir de Logement.

Onerwaart Ëmstänn

Op den Député-Maire vun Déifferdeng allerdéngs nach ze droen ass, nodeems et a senger Gemeng zum Eclat komm ass, well de Gemengeconseiller vun déi lénk, Gary Diderich, mat e bëssi Hëllef vun der LSAP an der DP, nawell zimlech ongeheierlech Virwërf géintiwwer dem Roberto Traversini ausgeschwat huet. Hien huet gesot, sech dozou nächste Mëttwoch ëffentlech äusseren ze wëllen.

Fir de Minister vun de Bannesécherheet a der Mobilitéit 2.0, François Bausch, sinn d‘Virwërf géint den Déifferdenger Buergermeeschter iwwerdriwwen an datt et der do gëtt déi „säi Kapp“ fuerdere wier „staarken Tubak“. Et huet gëschter esouguer geheescht, dat de Minister Claude Meisch eppes „enttäuscht“ wier, datt de kleng Brudder Fränz Meisch, sech dëser Hexejuegd ugeschloss hätt.

Och fir d‘Regierung schéngt et also kee Problem ze sinn, datt esou kleng „Feeler“ passéieren, wat nees déif blécke léist. Mee et brauch nees eppes Gedold bis ee sech hei festleeë kann, an och fir de Roberto Traversini gëllt d‘Onscholdsvermuddung. Kënnt et allerdéngs zum Skandal, dierft hien als Buergermeeschter net ze hale sinn, a Minister wier gestrach. Deputéierte wäert hien awer bleiwen.

Illustratioun: Grutka/Pixabay

Related topics déi gréng, Gouvernement, politesch Rentrée, Regierung, Roberto Traversini
Next post Previous post