Search

You may also like

Robert Plant mat neiem Album am Oktober
International Neiegkeeten

Robert Plant mat neiem Album am Oktober

„Carry Fire“ ass no dräi Joer, zanter dem leschten Album,

OPYOS GIN – Mir gin(n) dann mol een huelen!
International Neiegkeeten

OPYOS GIN – Mir gin(n) dann mol een huelen!

Den Opyos ass zwar nach jonk, vum Goût hir awer

Weltwaasserdag 2021: Wat bedeit Waasser fir dech?
International Neiegkeeten

Weltwaasserdag 2021: Wat bedeit Waasser fir dech?

Säit dem Joer 1993 gëtt um Weltwaasserdag de Fokus op

Politesch Turbulenzen a Schweden

Nom Mësstrauensvott géint de Ministerpresident Stefan Löfven huet dëse säi Récktrëtt erkläert

Politesch Turbulenzen a Schweden

Ee Méindeg virun enger Woch hat dat schwedescht Parlament der Regierung d‘Vertrauen entzunn. 181 vun den 349 Deputéierten haten am Reichstag zu Stockholm de Stefan Löfven gestierzt. Hien ass deen éischte schwedesche Ministerpresident, deem esou eng Schmaach zoufält.

Ab do gouf et nach zwou Optiounen: Récktrëtt vun der gesamter Regierung oder Neiwalen. Dozou muss ee wëssen, datt a Schweden d‘Sozialisten zesumme mat de Gréngen eng vun de Liberalen toleréiert Minoritéitsregierung gebilt hunn. En Experiment dat déi traditionell Blockgrenze schonn eppes a Fro gestallt hat. Et huet sech dorausser erginn, datt een op d‘Lénkspartei ugewise war.

Déi gëtt dann elo och als Haaptacteur hannert dem Mësstrauensvott presentéiert. Richteg ass, datt sech d‘Lénkspartei géint de Gesetzprojet zur Loyer-Liberaliséierung bei Neibauten ausgeschwat hat, well dat net mam schwedesche Sozialmodell an Aklang ze bréngen ass. Déi rietspopulistesch „Schwedendemokraten“ hunn d‘Geleeënheet erkannt an den Antrag fir de Mësstrauensvott gestalt.

Si goufen dann och vun de Chrëschtdemokraten, a well et wuel als Opportun betruecht gouf, och vun der Lénkspartei gestäipt. Elo ass ee sech awer a Schweden och zimmlech eens doriwwer, datt am pandemesche Kontext, esou eng politesch Kris net wierklech hëllefräich ass. Zudeem stinn am September 2022 déi nächst regulär Parlamentswalen un, Neiwale sollt een eventuell vermeiden.

Elo ass d‘Decisioun gefall

Gëschter huet den 63 Sozialdemokrat dann dem Land seng Entscheedung bekannt ginn. Hien huet, wéi et vun den diverse Parteie prekoniséiert gouf, nach emol erkläert, datt ënnert den aktuellen Ëmstänn, Neiwalen net wierklech als Léisung a Fro kommen, dat esouwuel wéinst der Covid19-Kris, wéi eben dem Fait, datt an eppes méi wéi engem Joer souwisou Parlamentswale stattfannen.

Domadder ass d‘Regierung opgeléist, an de Parlamentspresident Andreas Norlén muss sech elo d‘sich no engem Kandidat maachen, deen eng Chance huet eng nei Regierung ze bilden. Obwuel de Stefan Löfven zwar kee Vertraue méi huet, bleift och hien ee vun de méigleche Kandidaten. Ob dës Zouversiicht op ee séiere Comeback berechtegt ass, hänkt dann awer nees vun der Lénkspartei of.

Et ass awer richteg, datt eng Koalitioun vum Löfven senge Sozialisten, mat de Lénken, de Gréngen an den Zentristen, op 175 Mandater komme géif, exakt esouvill wéi fir eng Majoritéit am Parlament noutwenneg ass. De Problem bleiwen d‘Schwedendemokraten. Dës Rietspopulistesch Fraktioun gewënnt stänneg un Zousproch an façonnéiert déi politesch Landschaft nei. Et bleift interessant…

mat indymedia/sto

Illustratioun: © Mikael Stenberg / unsplash

Related topics Mësstrauensvott, Parlament, Regierungsbildung, Schweden, Stefan Löfven
Next post Previous post