Editorial: Politik a Journalismus

Datt sech Politiker net mussen iwwert d‘Berichterstattung erfreeën, jo streng geholl net emol mat de Journalisten en Dialog mussen agoen, besonnesch wann d‘Siichten diametral auserneeginn, dat kann ee wuel respektéieren. Datt sech Journalisten aus gudde Grënn zuweilen an Chat-Gruppen am virtuelle Raum ophalen, fir sech iwwert déi konspirativ a weltfriem Ideologien um lafenden ze halen, ass allerdéngs Deel vum Job. Politiker no hirer Zougehéieregkeet zu esou „Gruppen“ ze froen, och. Esou ee Fall gëtt elo zum Politikum an de Chamberpresident ass „not amused at all“.

Et geet elo drëms ze klären, op en Deputéierten, wou als Reaktioun op d‘Fro no senger „Astellung“ dierf „d‘Signatur inklusiv Telefonsnummere vum Journalist“ dierf als „Äntwert“ an dësem Grupp verëffentlechen, esouguer wann et sollt „onabsichtlech“ passéiert sinn. Politeschen Acteuren dierf hei ënnerstellen, datt si näischt „zoufälleg“ maachen. Besonnesch wann de politeschen Acteur da wëll d‘Exactiounen, déi grad duerch esou „Matdeelungen“ provozéiert ginn, schaarf verurteelen. Zur Stonn préift dem Journalist säi Verlag, wéi eng juristesch Schrëtt an dëser Saach méiglech sinn.

Op et bannent der Chamber, wou all d‘Parteien, ausser natierlech déi vum inkriminéierte Politiker, sech gehéiereg iwwert de Virfall geiergert hunn, elo zu weidere Schrëtt géint de Beholl vun dësem Deputéierte kënnt, also op méiglecherweis déi parlamentaresch Immunitéit muss opgehuewe ginn, dozou huet et bis ewell keng Aussoen. Et ass och net gewosst, op esou eppes ausräichend ass, fir „disziplinaresch“ Mesure géint den Deputéierten anzeleeden. Geséchert awer ass, datt sech dësen zäitgeeschtlechen Detail wäert an de Walkampf invitéieren. Dat sollt een also eppes am A behalen.

Dernières nouvelles