Search

You may also like

LUXINNOVATION – de Joresbericht vun 2018!
International Neiegkeeten Sport

LUXINNOVATION – de Joresbericht vun 2018!

Um vergaangenen Dënschdeg huet Luxinnovation, déi national Innovatiounsagentur, hire Joresbericht

D‘Stad Lëtzebuerg leet e Kondolenzbuch zum Dout vum Groussherzog Jean aus
International Neiegkeeten Sport

D‘Stad Lëtzebuerg leet e Kondolenzbuch zum Dout vum Groussherzog Jean aus

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert seng Bierger, déi gewëllt wieren nom Dout

USA: Nationalen Noutstand ?
International Neiegkeeten Sport

USA: Nationalen Noutstand ?

Op e neie Shutdown wollt et den US-President dann awer

Politiséiert Fussball-EM

Politiséiert Fussball-EM

Well d‘UEFA sech – aus Grënn – fir eng Politiséierung vun der Foussballeuropameeschterschaft entscheet huet, muss ee sech elo net wonneren, datt et punktuell zu Gestëppels kënnt. Dat spillt sech dann natierlech op engem aneren Niveau of…

Esou huet den ARD-Sportjournalist Robert Kempe (e Präisgekréinten Auteur) seng Akkreditéierung fir d‘Couverture vun de Mätscher zu Sankt Petersburg entzu kritt, wat natierlech fir eppes schlecht Stëmmung suergt. Seng Chefredaktesch Ellen Ehni erkennt doranner elo eng Aschränkung vun der Pressefräiheet, a freet sech zudeem, wat sech d‘Russen erlaben, hei hätt d‘UEFA jo ze decidéieren.

Dës Organisatioun awer gesäit dat eppes anescht wéi d‘ARD-Chefredaktesch. Hei heescht et just, datt d‘Akkreditéierung vun der UEFA, fir déi aner zéng Spill-Standuerter gülteg ass. D‘UEFA ka jo elo och net dohinner goen, an déi territorial Souveränitéit vu Russland an/oder d‘Gestioun vun den Areesbestëmmungen iwwerhuelen. Et ass zudeem keng nei Erfarung fir d‘Kolleege vun der ARD.

Scho virun dräi Joer war hiren Doppingexpert Hajo Seppelt vun der Foussballweltmeeschterschaft „ausgeschloss“ ginn. Eng Decisioun déi dank internationalem Drock dann awer nees Réckgängeg gemaach gouf. Trotzdeem huet de Journalist, no Warnunge säitens den däitsche Verwaltungen op säin Deplacement verzicht. Eng Decisioun déi sech op dem Hajo Seppelt seng Aarbechte bezitt.

Hien hat zur Opklärung vum systematesche Bedruch vun der russescher Federatioun am Kontext vun de massiven Doppingvirwërf bäigedroen. Datt Moskau esou eng Berichterstattung net begréisst an dofir all Journalist duerchliicht, deen a Russland areese wëll, éischter normal. Zudeem dierften déi rezent verhaange Sanktiounen an d‘Amëschung an intern Ugeleeënheeten eng Roll spillen.

mat indymedia/ber/zrh

Illustratioun: © Joshua Hoehne / unsplash

Next post Previous post