Search

You may also like

Eng voll Dagesuerdnung am Stater Gemengerot
Neiegkeeten

Eng voll Dagesuerdnung am Stater Gemengerot

Am Stater Gemengerot war et eng éischter länger Sëtzung mat

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd
Neiegkeeten

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt

Aacht Minister am Prisong, Haftbefehl géint de Puidgemont
Neiegkeeten

Aacht Minister am Prisong, Haftbefehl géint de Puidgemont

Wéi erwaart huet um Dënschdeg d’Untersuchungsriichterin, déi aacht Membere vun

Debat: Solle Poliziste prioritär geimpft ginn?

Debat: Solle Poliziste prioritär geimpft ginn?

Am Kontext vun der Covid19-Pandemie an der jo elo méiglecher „Impfung“ huet sech eist Land, oder besser d‘Regierung, eng Strategie zougeluecht, déi verschidde Prioritéiten enthält. Esou solle fir unzefänken, d‘Senioren, d‘Personal aus dem Gesondheetssecteur, ganz wichteg gesellschaftlech Acteuren an d‘Membere vum CGDIS geimpft ginn. D‘Police huet also keng Prioritéit…

Dat ass eng strikt politesch Decisioun, déi änlech wéi déi Dose Covid19-Gesetzer, wuel absichtlech onverständlech soll sinn. Et kann ee jo ouni rout am gesicht ze gi behaapten, datt et wuel sënnvoll gewiescht wier, bei der Prioriséierung d‘Gesondheetspersonal, d‘Rettungsdéngschter an d‘Police gläichzestellen. Et dierft fir dës Beruffer beim „Infektiounsrisiko“ kaum Ënnerscheeder hunn.

Et ass och net esou, datt wëll et en ADR-Deputéierten ass, datt d‘Kritik géintiwwer den Autoritéite wou et decidéiert hunn, falsch wier. Den Deputéierte Fred Keup (ADR) stellt fest: „Eis Polizisten si stänneg am Kontakt mat der Bevëlkerung, firwat si engem héijen Infektiounsrisiko ausgesat sinn. Et gëtt vill Beamten, déi a Quarantaine sinn wat sech op bestoend Personalproblemer auswierkt“.

Wéi vill Polizisten a Quarantaine sinn ass natierlech net gewosst. Dat wier awer wichteg, fir kënnen objektiv ze ermëttelen, ob et esou wéi eng „Urgence“ géif ginn. Woubäi, wei schonn ugeklongen, sollt ee mengen, datt am Kontext vun der sanitärer Sécherheet, déi 3 Sailen „Gesondheet – Rettung – Schutz“ gläichbehandelt ginn. Dat schéngt net de Fall ze sinn an dozou gëtt et eng Erklärung.

Et si keng Strategen

Esou heescht et säitens der Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP): „D‘Prioriséierung vun der Impfung ass net no Beruffer gegliddert. D‘Glidderung vun de Prioritéiten ass a Concertatioun mam nationalen Ethikrot erstallt ginn“. Wann deem elo wierklech esou ass, datt d‘Prioritéiten net no „Beruffer“ opgestallt goufen, firwat huet een dann d‘Fleegeberuffer an d‘Pompjeeë virgezunn?

Richteg ass allerdéngs, datt den Ethikrot der Regierung un d‘Häerz geluecht huet, datt déi éischte Prioritéit vun der Impfstrategie: „d‘Minimiséierung vum Mortalitéit-Taux an d‘Vermeide vun der Iwwerbeleeung vun de Spidolsbetter muss sinn“. Et ass also jidderengem verständlech, datt een hei vulnerabel Mënschen als alleréischt Impfe muss. Dat, wäert och kaum e wëllen a Fro stellen, oder?

Et stellt och keen a Fro, datt d‘Personal an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer, déi jo am direkte Kontext mat dëse „vulnerabele“ Mënsche stinn, och virrangeg musse geimpft ginn. Déiselwecht Argumentatioun kann ee beim CGDIS uwennen, an et wier wuel richteg, dat esou och fir d‘Police ze bewäerten. Zumindest fir alles wat um Terrain ass an ebe Kontakt zu ganz vill Mënschen huet.

Einfach maachen…

D‘Ministesch argumentéiert hei weider, datt wëll et d‘Impfdosen net am Iwwerfloss gëtt, een esou séier wéi méiglech d‘Impfung vun den „ufällege“ Persoune wëll hannert sech bréngen. Dat stellt keen a Fro an et kënnt ee jo bekanntlech „gutt virun“. Wann si dann awer ervirhieft datt et eng 2.300 Policebeamten huet, an aner Beruffsgruppen och vill „Kontakter“ hunn, ass dat keng „Erklärung“.

Zum engen dierft et bei der Police duerchaus méiglech sinn, tëscht den administrativen an den operative Kräften ze ënnerscheeden, also d‘Prioritéit net op de ganze Policeapparat zoutrëfft. Zum anere kann een net, an dat bei allem Respekt géintiwwer alle Beruffstätegen déi och vill Kontakter hunn, eng fir déi national Sécherheet verantwortlech Beruffsgrupp, net anere géinteniwwer stellen.

Richteg ass och, datt ee kee Polizist dierft fannen, deen op eng „Prioritéit“ géif bestoen an genee esou wéi d‘Leit aus dem Gesondheetssecteur an dem CGDIS, géifen se alleguerten de vulnerabele Mënschen de Virtrëtt loossen. Anersäits liicht et och an, datt si dann am beschten hëllefe kënnen, wann si entspriechend geschützt sinn. Et wier also net vu Muttwëll wa se geimpft géife ginn…

Illustratioun: © Kyle Glenn / unsplash

Related topics adr, Debat, Fred Keup, Gesondheetsministesch, Impfstrategie, Paulette Lenert, Prioritéiten
Next post Previous post