Search

You may also like

ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News
International Neiegkeeten

ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News

Um Donneschdeg haten de Staatssekretär Camille Gira (déi gréng), an

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral
International Neiegkeeten

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral

En Donneschdeg huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) eng Delegatioun

Ourdaller „Wäissen“ – seng Mammesprooch wier däitsch…
International Neiegkeeten

Ourdaller „Wäissen“ – seng Mammesprooch wier däitsch…

D‘Ourdaller Mikro-Brauerei, déi 2001 am schéinen Naturpark Uewersauer opgeriicht gouf

Polnesch Regierung zitt ee Schlussstréch

Polnesch Regierung zitt ee Schlussstréch

Wärend et de Polen zolidd opstéisst, wann hir Kollaboratioun mam Nazi-Besatzer „opgeschafft“ gëtt, huet déi politesch Féierung kee Problem, dat sengerzäit de Judde geklauten Eegentum ënner Ëmstänn anzebehalen. Iergendwann muss jo och emol deen 2. Weltkrich terminéiert ginn…

Esou war et der Regierung schonn egal datt sech an Israel wei an den USA iwwert ee Gesetz, dat d‘Réckgab vum nom dem 2. Weltkrich „konfiszéierte Besëtz“ reegelt, geiergert gouf, an de President Andrzej Duda huet mat senger Ënnerschrëft, dëst Gesetz a Kraaft gesat. Hie begrënnt seng Ënnerschrëft mat der Noutwennegkeet, deem ganz rechtleche Chaos en Enn ze bereeden.

Polen

An Israel ass een allerdéngs manner erfreet an den Ausseminister Jair Lapid (Yesh Atid) huet dëst Gesetz als onmoralesch an antisemitesch ëmschriwwen. Et wier zudeem net dat éischt Gesetz dëser Aart. Den israelesche Vertrieder vun der Ambassad zu Warschau ass zeréckgeruff ginn an den neien Ambassadeur soll bis op weideres zu Jerusalem bleiwen. Dat wäert net ouni Folge bleiwen…

Polen

Vum Gesetz betraff, sinn an éischter Linn d‘Nofuere vun de jiddeschen Holocaust-Affer, deenen hire Besëtz wärend der „kommunistescher Ära“ a Polen vun der Regierung enteegent ginn ass. Am Gesetz gouf eng Verjärungsfrist vun 30 Joer festgehalen, firwat de Besëtz deen nom Krich enteegent/abehale gouf, elo als gekläert gëllt a keng Uspréch méi kënne geltend gemaach ginn.

D‘Argumentatioun

Vun der polnescher Regierung gëtt dëst Gesetz mat der Noutwennegkeet begrënnt, datt et um Immobiliëmaart „Rechtssécherheet“ brauch. Doriwwer eraus soll d‘Gesetz verhënneren, datt déi sougenannt „Privatiséierungsmafia“ bedréieresch Uspréch ka geltend maachen. Et soll zudeem verhënnert ginn, datt den Holocaust zu aktuelle politeschen Zwecker instrumentaliséiert gëtt.

Polen

Den Andrzej Duda verweist nach op déi sechs Millioune Polen déi wärend der Nazi-Besatzung gestuerwe sinn. Hien ass also net dem Appell vum US-Ausseminister Anthony Blinken gefollegt, deen zesumme mam Jair Lapid, dem polnesche President ofgeroden hat d‘Gesetz ze zeechnen. D‘Rechter vun den Holocaust-Affer deraart mat Féiss ze trëppelen, wäert Konsequenzen hunn.

Washington hat, wéi d‘Gesetz virgeleeën huet, der polnescher Regierung geroden, sech op ee Gesetz zur Entschiedegung ze konzentréieren. Där huet et schonn a ville mëttel- an osteuropäesche Länner, mee Polen gesäit dat diametral anescht: „Polen huet net fir déi däitsch Verbriechen opzekommen“, esou de Ministerpresident Mateusz Morawiecki (PiS) deen hei eppes falsch läit.

Geschichtsschreiwung

Datt den homophobe, misogyne an antieuropäesche Ministerpresident sech net drun erënnere kann, datt d‘Kommunisten nom 2. Weltkrich d‘Haiser an d‘Grondstécker verstaatlecht hunn, déi den Nazi-Besatzer den ëmbruechten oder geflüchtete Judden ofgeknäppt hat, huet hei nationalpolitesch Grënn. Richteg ass awer och, datt net nëmmen déi jiddesch Communautéit vum Gesetz betraff ass.

Polen

Woubäi… de Gros vun den Uspréch entfält och haut nach ëmmer op d‘Nofuere vun eben de Judden. Déi entgéint anere Communautéiten, nom Krich keng Méiglechkeet haten hir Uspréch geltend ze maachen. Ëm esou Uspréch këmmert sech d‘„World Jewish Restitution Organization“ (WJRO) an déi stellt nach emol fest: „Selbstverständlech ass Polen net verantwortlech fir d‘Verbrieche vun den Däitsche wärend dem 2. Weltkrich. Pole profitéiert allerdéngs weiderhi vum geklaute Besëtz“.

Hei gëtt dann och drun erënnert, datt et bei der Klärung ëm d‘Réckgab vu konfiszéiertem Besëtz net nëmmen ëm de Goss geet. De President vum Europäesche Jiddesche Kongress, Moshe Kantor, huet d‘Gesetz als d‘Legaliséierung vum Déifstall bezeechent. Et dierf nach notéiert ginn, datt Polen mat dësem Gesetz géint international Verflichtunge verstéisst. Op et beim diplomatesche Sträit bleift?

mat indymedia/waw/tlv/nyc

Foto: Dat polnescht Parlament an de President Andrzej Duda hu sech ee Gesetz geleescht, mat deem all d‘Uspréch aus der däitscher Besatzungszäit an der uschléissender kommunistescher „Iwwernam“ vum Land, ad acta geluecht ginn. No 30 Joer sinn all Uspréch verjäert. (Archiv-Bild)

Related topics Andrzej Duda, Déifstall, Enteegnung, Entschiedegung, Holocaust, Israel, Judden, Kommunismus, Mateusz Morawiecki, PiS, Polen, USA
Next post Previous post