Search

You may also like

D’Philharmonie mécht seng Diere fir déi nei Saison de 17. September op
International Neiegkeeten

D’Philharmonie mécht seng Diere fir déi nei Saison de 17. September op

Nodeems déi lescht Saison ënner aussergewéinleche Bedéngungen am Juli hiren Enn geholl

„No Paseran“: Europa huet seng Grenzen zou gemaach
International Neiegkeeten

„No Paseran“: Europa huet seng Grenzen zou gemaach

2017 war weder fir Migranten nach fir Refugiéeën e gutt

D‘Konscht a senger schéinster Form erliewen: LIBR‘ART
International Neiegkeeten

D‘Konscht a senger schéinster Form erliewen: LIBR‘ART

Am Kader vum der 30er Editioun vu Libr’Art, gouf leschte

Polnesch Sabotage um Projet Europa

Polnesch Sabotage um Projet Europa

Et ass vill, rieds iwwer Rechtsstaatlechkeet bannent der EU an besonnesch konservativ bis schonn däitlech faschistoid an anti-europäesch Politiker wéi de Viktor Orban aus Ungarn, oder de PiS-President Jaroslaw Kaczynski aus Polen, schéngen hir anti-europäesch Politik mat vollster Absicht net nëmmen duerchgesat, mee och nach ganz effizient ëmgesat ze kréien. Zäit fir ee „Gedanken“…

Datt d‘Uerteel vum polnesche Verfassungsgeriicht, dat vun der Regierung net nëmme kontrolléiert, mee ganz offensichtlech och zu engem bestëmmten Zweck nei besat ginn ass, zu Bréissel an och zu Lëtzebuerg, wou den europäesche Geriichtshaff (EuGH) säi Sëtz huet, ageschloen ass wéi eng Bomm, huet nees d‘Majoritéit vun den Europäer aus blannem Desintressi net wierklech matkritt.

Et géif een allerdéngs gutt dorunner doen, sech fir dëse „butzege Problem“ ze interesséieren, well et schéngt den Ament just de Polen bewosst ze sinn, wat déi kombinéiert Idiotie vu kathoulescher Kierch an der Partei fir Recht a Justiz (PiS), déi jo zum Urteel vum polnesche Verfassungsgeriicht gefouert huet, eigentlech bedeit. An dat ganz besonnesch, wann d‘Urteel och sollt ugewannt ginn.

A polen huet et eng Minoritéit bannent der Bevëlkerung matkritt, d‘Oppositioun notzt de Fauxpas politesch an esouguer de Lech Walesa gouf zu Propagandazwecker aus dem Caveau gehuewen. D‘Regierung huet direkt gekontert, an sech vum ugedeite „PolExit“ direkt distanzéiert. En Austrëtt wier awer, wann d‘EU-Recht net mam polnesche Recht an der Verfassung vereenbar ass, d‘Resultat.

Net nëmme Polen stellt EU-Recht a Fro

Well weder eis Politiker nach déi vun der Industrie a Wirtschaft implementéiert EU-Kommissioun gewëllt sinn, op de Sujet anzegoen, mussen anerer erklären, firwat déi lescht polnesch Provokatioun eng ganz aner Dimensioun huet, wéi een eis wëll gleewen doen. A Polen ass och bei wäitem net dat eenzegt EU-Memberland, dat sech traut d‘EU-Recht a Fro ze stellen. Nieft eisen däitschen Noperen huet och Dänemark an Tschechien festgehalen, datt EU-Organer hir Kompetenzen iwwerschreiden.

Am polnesche Kontext ass et esou, datt d‘Verfassungsgeriicht sech géint déi vertraglech Grondlage stellt. Eppes méi einfach: déi vun der PiS-Partei agesate Riichter behaapten sech drop, datt den EU-Vertrag (Polen ass den 1. Mee 2004, mat „aneren“ an d‘EU opgeholl ginn – NvdR) partiell géint déi polnesch Verfassung verstéisst an esou net kann ugewannt ginn. Esou gëtt ganz offensichtlech déi ënnert de Bäitrëttsvertrag gesaten Ënnerschrëft als „net rechtens“ erkläert, well géint d‘Verfassung.

Wann d‘Pappe vum europäesche Projet schonn net dru geduecht haten, an hiert Vertragswierk ee Passus anzebauen, an deem en Austrëtt (a firwat net och ee Rausworf) virgesinn ass, esou dierft genee dat elo, zu gehéierleche Problemer féieren. En Androck vun de Problemer bitt eis den Ament dee wahnsinneg erfollegräiche Brexit. D‘Britte sinn nees „global Player“, schaffen Aarbechtsplazen ze vrecks, d‘Paie wuessen an den Himmel an d‘Klimastrategie vum Boris Johnson ass ee Succès

Si wëllen net goen, aus Grënn

Elo verhält et sech awer och esou, datt déi polnesch Regierung, d‘PiS an déi kathoulesch Kierch net aus der Europäescher Unioun austriede wëllen. Hei huet et masseg Fric (ReStart.EU) an et huet ee sech un d‘Subventioune gewinnt. Zudeem kann ee ganz eleng de Buttek un d‘Hale kréien, well all Decisioun muss bekanntlech eestëmmeg validéiert ginn. Do senger Wee ze goen, wier scho blöd.

De Sträit ass folgerichteg ee reng politeschen an erënnert un déi brittesch Toz, Margaret Thatcher, déi ganz erfollegräich ëmmer d‘Kiischt um Kuch, fir d‘Britte geséchert huet. An och deemools war et net méiglech, mangels „Text“ iwwert de juristesche Wee zu enger fir all Säiten zefriddestellend Léisung ze kommen. Datt d‘Britten elo Äddi sinn, eigentlech ee politesche Gewënn fir d‘EU.

An da muss drop higewise ginn, datt de „Vertrag vu Lissabon“ zwar als eppes wéi eng europäesch Verfassung wëll duergestallt ginn. De Problem mat dësem Text: et gëtt keen Artikel an deem kloer festgeluecht ass, datt europäescht Recht iwwer dem nationale Recht steet. Wann awer all Land sech kann auswiele wéi eng Deeler vum EU-Recht „passen“, dat klappt den europäescher Projet net.

2004 wollt een esou ee Passus an d‘Vertragswierk abauen, mee dat hunn ee puer Länner geschéckt verhënnert kritt. Et gouf argumentéiert datt dat zur Fëderaliséierung vum Recht féiert, an dat géint de Gedanke vum „souveräne Staat“ verstéisst. Elo läit Kand am Bur, an gëtt gehofft datt et eis net erdrénkt. Firwat elo keen de Versuch ënnerhëlt d‘Kand aus dem Bur ze huelen, erkläert sech net.

Foto: © Michael Jin / unsplash

Related topics Austrëtt, EU, EUGH, Europa, Polen, Rausworf, Verfassung, Verfassungsgeriicht, Vertrag vu Lissabon
Next post Previous post