Search

You may also like

Belsch Waffenhändler am Gléck
International Neiegkeeten

Belsch Waffenhändler am Gléck

Laut dem gëschter verëffentlechte Rapport vum wallounesche Waffen-Observatoire, huet d‘Regioun

Olympesch Jugend-Wanterspiller zu Lausanne 2020: Vu Victoiren an Néierlagen
International Neiegkeeten

Olympesch Jugend-Wanterspiller zu Lausanne 2020: Vu Victoiren an Néierlagen

Nodeems leschten Donneschdeg déi 3. Editioun vun den Olympesche Jugend-Wanterspiller

Porsche Mobil 1 Supercup: Haart ëmkämpfte Weekend zu Mexiko
International Neiegkeeten

Porsche Mobil 1 Supercup: Haart ëmkämpfte Weekend zu Mexiko

Am Géigesaz zu virechte Coursen am Porsche Mobil 1 Supercup,

Polverfaass Südamerika

No Bolivien an Chile, kënnt et elo och a Kolumbien zu de gréisste Protester zanter Joren

Polverfaass Südamerika

Et ass dee gréisste Protest säit laangen: zu Honnertdausende sinn d‘Kolumbianer op d‘Strooss gaangen. Et gëtt e Generalstreik a masseweis Demonstratioune well d‘Politik vum Ivan Duque a senger rietskonservativer Regierung esou net méi toleréiert ka ginn.

KolumbienLaut den Autoritéiten hunn esou 200.000 Mënschen un de Kundgebungen deel geholl. Bei dësem Protest geet et ëm eng méi gerecht Sozial- a Sécherheetspolitik, de Schutz vun den indigene Vëlker an en effektiven Ëmweltschutz. Themen déi „Geld kaschten“ wat den eigentleche Partner vun der kolumbianescher Regierung guer net geleeë kënnt. Et géi zudeem och zu Aschränkunge féieren.

Kolumbien

© Jim Culver (via Twitter)

A wéi dat esou ass wann net méi matenaner geschwat gëtt, et schléit ee sech zolidd op d‘Schnëss. Esou ass et dann och zu Bogota bei den Demonstratiounen zur Konfrontatioun komm, datt mat deels heftegen Iwwergrëff. Barrikade sinn a Brand gestach, urbane Mobilier a Geschäftsvitrinne sinn zerstéiert ginn. D‘Police huet Waasserwerfer an Tréinegas agesat, d‘Grenze goufen zougesat.

KolumbienDéi kolumbianesch Regierung, déi sech schéngt bewosst ze sinn wat d‘Auer geschloen huet, setzt den Demonstranten 170.000 Sécherheetskräften entgéint. Déi sollen d‘Käschten aus dem Feier huelen an ginn entspriechend brutal a récksiichtlos géint d‘Manifestante vir. Et ass schonn dat drëtt südamerikanescht Land no Bolivien an Chile, wou Regierung an Demonstrante mam Feier spillen.

Kolumbien

© MaR

A Bolivien war et den Evo Morales, deen sech iwwert d‘Gesetzer ewech gesat huet an dat „Mandat ze vill“ wollt duerchsetzen, am Chile ass nieft méi héije Mindestléin a Renten och eng nei Verfassung revendiquéiert ginn. Och hei sinn déi divers a variéiert Acteuren net wierklech bereet matenaner ze schwätzen. Et geet éischter drëms, wien den anere „verjot“ kritt, statt ëm Dialog.

mat indymedia/ccs

Foto: © José Fontalvo

Related topics Bolivien, Chile, Evo Morales, Ivan Duque, Kolumbien, Polverfaass, Protest, Revolutioun, Sebastian Pinero, Südamerika
Next post Previous post