Search

You may also like

Klimakonferenz: Déi kleng Fidschi gesi grouss
Neiegkeeten

Klimakonferenz: Déi kleng Fidschi gesi grouss

Et ass de Premierminister vun de Fidschi, deen d‘Welt bei

Zivil Loftfaart braucht bis 2036 iwwer 600.000 Piloten
Neiegkeeten

Zivil Loftfaart braucht bis 2036 iwwer 600.000 Piloten

De Wuesstem an der Loftfaart verlaangt bis 2036 de Rekrutement

D‘Stëmm vun der Strooss kéint eppes Hëllef gebrauchen
Neiegkeeten

D‘Stëmm vun der Strooss kéint eppes Hëllef gebrauchen

Si ass eng vun de wéinegen Organisatiounen, déi hiren operationelle

D’Taina Bofferding begréisst d’Fräiwëlleger vum Pompjeesmusée zu Wolz

D’Taina Bofferding begréisst d’Fräiwëlleger vum Pompjeesmusée zu Wolz

Den 11. Juni 2021 huet d’Inneministesch Taina Bofferding de Pompjeesmusée an der Géitz zu Wolz besicht. Dobäi gouf si vum Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a Minister fir sozial Sécherheet Romain Schneider sou wéi dem Generaldirekter vu CGDIS Paul Schroeder an dem Schäffe Pierre Koppes vu Wolz begleet.

Virun annerhallwem Joer goufen „Frënn vum Pompjeesmusée an der Géitz“ gegrënnt. D’Associatioun déi sech ëm d’Gestioun vum Musée këmmert, krut vun der Ministesch Taina Bofferding fir hir onermiddlech Aarbecht zugonschte vum kollektive Gediechtnes an dem Erhalt vun engem Deel vum Musée gratuléiert. Dozou gehéieren ënnert anerem Gefierer an Asazausrëschtung.

Wärend hirem Besuch huet d’Ministesch drun erënnert, datt d’Frënn vum Pompjeesmusée an der Géitz en ausseruerdentleche Subsid an Héicht vu 50.000 Euro kritt hunn an datt fir d’Zukunft geplangt ass, all Joer e Montant vun 10.000 Euro fir d‘Betribskäschte bäizesteieren. De Musée ass vu véier fréiere fräiwëllege Pompjeeë gegrënnt ginn, den éischte Grondsteen dofir gouf 2018 geluecht.

De Musée mécht all Samschdeg seng Dieren op a féiert all Interesséierten an dës opreegend Welt, dozou gehéieren och Schoulklassen déi nawell vill Wëssenswäertes léiere kënnen. Loscht op eng Visitt? Hei fannt Dir all weider Informatioun: https://www.pompjeesmusee.lu/

Foto: © MINT

Related topics CGDIS, Géitz, Pompjeeën, Pompjeesmusée, Wolz
Next post Previous post