Search

You may also like

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3
Neiegkeeten

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3

[onionbuzz quiz-id=81][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet vill kleng a grouss Uertschaften. Mee

Franséisch Preambel zum G7-Sommet vu Biarritz
Neiegkeeten

Franséisch Preambel zum G7-Sommet vu Biarritz

Well de Vladimir Putin net méi um groussen Dësch vun

Eppes Respekt wann ech gelift!
Neiegkeeten

Eppes Respekt wann ech gelift!

Beim LCGB, déi majoritär Gewerkschaft am Transportsecteur, ass een zolidd

Pont Viaduc – Adaptatiounen am Verkéier an am ëffentlechen Transport

Pont Viaduc – Adaptatiounen am Verkéier an am ëffentlechen Transport

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch Aarbechte vun der Stroossebauverwaltung de motoriséierte Verkéier an ëffentlechen Transport ëm an um Pont Viaduc mat e puer Ännerunge rechne muss.

  • Vun haut un bis zum 21. Februar 2020 (Dënschdes bis Freides vu Mëtternuecht bis 4:30 Auer), ass den Ofschnëtt tëscht der Rue Chimay an dem Tunnel René Konen gespaart
  • An dëser Period (vu Méindes bis Donneschdes tëscht 22:00 a 5:00 Auer) entfält d’Haltestell Roosevelt Quai 2 a gëtt ersat duerch:
    • den Arrêt Al Avenue Quai 2 (Linnen 2, 3, 9, 13, 14, 21, 23)
    • den Arrêt Hamilius Quai 2 (Linnen 1/125, 2, 3/30, 4, 9, 10, 11, 14, 16,18, 32)
    • den Arrêt Monterey Quai 1 (Linnen 5, 6, 13, 15, 21, 22, 28, 31)
  • D’Haltestell Roosevelt Quai 1 a Richtung Hamilius/Monterey gëtt normal ugefuer
  • Den Accès an de Passage vun der Bréck ginn dem Foussgänger wärend der ganzer Zäit vum Chantier garantéiert

Den Zirkulatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm eng adequat Beschëlderung. Schonn am viraus entschëllegt ee sech fir eventuell Onannehmlechkeeten am Verkéier.

Related topics Chantier, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Pont Viaduc, Rue Chimay, Stad Lëtzebuerg, Tunnel René Konen, VDL, Verkéier
Next post Previous post