Search

You may also like

Den Henri Kox an d’Sam Tanson hunn de Gesetzesprojet “Fichiers” virgestallt
Neiegkeeten

Den Henri Kox an d’Sam Tanson hunn de Gesetzesprojet “Fichiers” virgestallt

Den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet an d’Sam Tanson,

Venedeg gesinn a stierwen?
Neiegkeeten

Venedeg gesinn a stierwen?

Risegt Croisièresschëff knuppt a Touristeboot a géint de Quai. Eng

money
OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien
Neiegkeeten

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

No enger Analys vum Staatsbudget 2018 fuerdert den OGB-L vun

Et gëtt Fréijoer: d‘Ponts & Chaussées maache grouss Botz

Et gëtt Fréijoer: d‘Ponts & Chaussées maache grouss Botz

All sechs Méint muss no eisen Tunnelle gekuckt ginn, an da kann ee se och direkt botzen. Aarbechten déi fir eis Sécherheet duerchgefouert ginn, awer sécherlech och zu deem engen oder anere Verkéiersenkpass kënne féieren. Ab e Méindeg ass ee also gutt beroden, nach eppes weider Gedold am Gepäck ze hunn.

Bei den Aarbechte geet et: ëm eng preventiv a kurativ Maintenance vun de Sécherheetsequipementer, d‘Kontroll vum Fonctionnement an der Interaktivitéit tëscht de verschiddenen Equipementer, d‘Weiderleede vum Alarm bis op de CITA, an eben och d‘Ofwäsche vun den Tunnelsmaueren.

Ugesicht der Gréisst an der Komplexitéit vun den Tunnellen, a mat Berécksiichtegung op den Impakt deen d‘Aarbechten op den Trafic hunn – an och am Aklang mat anere Chantieren – ass entscheet ginn, datt den Entretien virzuchsweis Nuets duerchgefouert gëtt. Jee no Tunnel kënne sech d‘Aarbechten iwwert e puer Deeg verdeelen.

Den Zäitraum, wou dës Aarbechten duerchgefouert ginn, läit generell tëscht dem Mäerz an dem Juni. D‘Datumer wéini wéi en Tunnel vun de Maintenanceaarbechte betraff ass, fënnt een um Site vum CITA ënnert der Rubrik „News“.

Betraff si folgend Tunnellen a Wëldiwwergäng:

  • Grouft,
  • Rëngelbour,
  • Stafelter,
  • Gousselerbierg,
  • Miersch,
  • Roost,
  • Kolmer-Bierg,Schieren,
  • Houwald,
  • Cents,
  • Richard Serra,
  • Kierchbierg,
  • Saint-Esprit,
  • Pénétrante Sud,
  • Märel,
  • Péiteng-Kierch,
  • Biff,
  • Accès Secondaire Micheville,
  • Ässen,
  • Éilereng,
  • Féiz,
  • Fréiseng,
  • Munneref
  • a Markusbierg.
Related topics d‘Ponts & Chaussées, grouss Botz, Tunnel, Verkéier
Next post Previous post