Search

You may also like

SNMC: een éischte Rapport no zwee Joer bestätegt grousse Succès
Kultur Neiegkeeten

SNMC: een éischte Rapport no zwee Joer bestätegt grousse Succès

De Service National du Médiateur de la Consommatioun (SNMC) huet

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!

Haut schéngt wuel den Dag vum Weltall, senge Galaxien an

Spuenien kënnt sech den 19. Oktober de Lëtzebuerger virstellen
Kultur Neiegkeeten

Spuenien kënnt sech den 19. Oktober de Lëtzebuerger virstellen

Spuenien ass eng vun eisen dräi beléiftste Reesdestinatioune, firwat et

Pop-Up Galerie zu Kielen: 4 Artisten, ënnerschiddlech Stiler, vill Geschichten

Et si Gebaier, déi ofgerappt solle ginn, déi ëmmer méi heefeg fir Konscht-Ausstellunge genotzt ginn. Och d’Gemeng Kielen schenkt mat senger Pop-Up Galerie, opgedeelt an 8 Cyclen, engem Haus nach déi lescht Chance sech weisen ze kënnen. Nach bis den 21. Mäerz stellen hei den Döhmer Florian, d’Liesch Mireille, de Schaal Claude an de Muno Frank hir Wierker aus.

Mat Fotoen aus der Urbex Zeen, opgeholl op der ganzer Welt, bitt de Florian Döhmer ee super, an och zimlech passenden Ufank vun dëser Expo. Et sinn déi vergiesse Plazen, déi et dem Fotograf besonnesch undinn an déi hien festhale wëll. Andréck aus dem Kosmodrom Baikonur a Kasachstan, e Kontrollraum vun engem Kraaftwierk oder och vum Stadzentrum Prypjat loossen eleng beim Ukucken eng speziell Spannung entstoen.

De Florian selwer ass begeeschtert dovunner d’Welt ze bereesen an dës – och oft net ëffentlech zougänglech – Plazen ze besichen. Wëll ee méi zu engem Wierk gewuer ginn, dann erzielt de sympathesche Kärel gären d’Geschicht hannert der Aventure.

Pop-Up Galerie zu Kielen
Florian Döhmer © Shari Pleimelding/moien.lu

Weider geet et bei de Frank Muno, deen och vu verloossene Plaze faszinéiert ass, fir dës Expo d’Thema awer anescht ugepaakt huet. Den Artist huet sech nämlech d’Thema Confinement gekroopt, an huet an engem alen eidel stoenden Härenhaus an der Géigend vum Stauséi eng Fra mat Plastik emhüllt. Ass et fir si ee Schutz oder hëlt et hir d’Loft fir ze ootmen? Kann oder wëll si sech aus der Situatioun befreien a gëtt et ee Liichtbléck?

All dës Froen bréngt de Frank Muno mat sengen Opnamen ervir. Al Tapéiten, en ofgebliederte Plafong, Miwwele vu fréier – a mattendran de Fotograf mat sengem Model.

D’Pop-Up Galerie setzt op Diversitéit an esou sinn net nëmmen fotografesch Wierker vertrueden, mee och Frënn vun der abstrakter Konscht kommen op hir Käschten. Dofir suergt ënnert anerem de Claude Schaal, dee säi Beräich mat Mixed-Media-Wierker agekleet huet. De Lëtzebuerger Kënschtler setzt dobäi mat den ënnerschiddlechsten Techniken den Acryl an Zeen, a schenkt de Biller duerch verschidden Texturen e besonnesche Charakter.

Dobäi leie sech an dësem Zëmmer eng rout an eng méi faarweg Rei géigeniwwer. D’Sëtzgeleeënheete lueden dozou an, hei een Ament méi laang ze bleiwen an d’Stëmmung op sech wierken ze loossen.

Pop-Up Galerie zu Kielen
D’Mireille Liesch © Shari Pleimelding/moien.lu

Ma, bei dëse Stil passen och dem Mireille Liesch seng Wierker, déi nawell emotional Hannergrënn hunn. Si notzt d’Konscht als Mëttel hire Gedanke a Gefiller fräie Laf ze loossen, wat souwuel wärend dem Prozess, wéi och uschléissend beim Kucke vum fäerdege Wierk eng gutt Hëllef fir si ass.

Wou sech d’Schicksalsschléi geheeft hunn, huet d’Kënschtlerin och nach misse mam Häerz operéiert ginn. Déi kierperlech, mee och emotional Narben fënnt een ëmmer nees op hire Biller erëm.

Weider Informatiounen

D’Pop-Up Galerie (10, rue de Kopstal) ass aktuell beim zweete vun 8 Cyclen. Bis den 21. Mäerz kann een dësen zweeten Deel all Freideg vu 17:00 bis 20:00 Auer, Samschdes a Sonndes vu 15:00 bis 18:00 Auer kucke goen. D’Ausstellung ass gratis, mee duerch d’Pandemie dierfe sech ëmmer nëmmen 10 Leit am Haus befannen. Denkt w.e.g. un Är Mask.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zu Pop-Up Expo zu Kielen © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Acryl, Claude Schaal, Emotiounen, Expo, Florian Döhmer, Fotografie, Frank Muno, Kielen, Konscht, Mireille Liesch, Mixed Media, Molerei, Pandemie, Pop-Up Galerie, Urbex
Next post Previous post