Search

You may also like

Méi Qualitéit um Büro an am Homeoffice: Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen
Business Neiegkeeten

Méi Qualitéit um Büro an am Homeoffice: Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen

Ob Teletravail oder um Büro, et ginn divers Moyenen, wéi

Editorial: Wann ee geléifte Mënsch goe muss
Business Neiegkeeten

Editorial: Wann ee geléifte Mënsch goe muss

Den Doud gehéiert zum Liewen dozou. An awer ass et

Duebelen Homicide zu Diddeleng
Business Neiegkeeten

Duebelen Homicide zu Diddeleng

Gëschter Owend géint eng Auer aacht, waren d‘Beamte vun der

Jonk, dynamesch an um Wee zum Erfolleg

Jonk, dynamesch an um Wee zum Erfolleg

Wann et ëmmer geheescht huet: „An der Schoul léiert ee fir d‘Liewen“ dann hat et Zäite wou een déi Definitioun konnt a Fro stellen. Frontalunterrecht an autoritär Erzéiung si glécklecherweis net méi de Standard. Haut dierf ee matschwätzen, sech seng eegen Ziler setzen…

Dat zumindest sollt d‘Grondlag sinn, wann an de Lycéeë jonk Leit tëscht 16 an 19 Joer sech aus eegener Iwwerzeegung dem Entreprenariat zouwennen. D‘Iddi selwer ass wuel net nei, mee elo engagéiert sech och d‘Asbl Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg, wat dëser scho flotter Iddi ee ganz neien Elan gëtt. Mee sech als „Entrepreneur“ ze versichen, geet net ouni seriö Partner a Réckhalt.

Pop-up StoreDe Pop-up Store ass op vu Méindes bis Freides: 12.30 – 19 Auer, a Samschdes vun 9 bis 18 Auer. © Martine de Lagardère/moien.lu

Nieft der Asbl Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg, déi fir d‘Schouljoer 2020/21 ganzer 87 Projeten aus 25 Lycéeë begleeden, dréit och d‘Stad Lëtzebuerg hiren Obolus bäi. Dat iwwert hire Projet „Pop-up Store“ dee schonn an déi drëtt Saison geet. Un Interessente feelt et mëttlerweil net méi, an awer gouf sech fir d‘Motivatioun vun dëser neier Generatioun un Entrepreneuren interesséiert an agesat.

Um 38 Phillippsgaass, kënnen sech déi ganz Woch iwwer, 21 „Mini-Entreprisen“ mat hirem Projet engem kritesche Public entgéintstellen. Et ass jo net domadder gedoen eng Iddi fir ee Produkt ze hunn, et brauch och d‘Konsumenten, déi se kafen. Wann also d‘Produkt wuel nach un éischter Stell steet, esou brauch et Marketing, Visibilitéit an natierlech och ee gewësse Geschäftssënn.

Pop-up StoreNATURAL BEAUTY – Fieldgen – d‘Luna (hei am Bild) zesumme mam Andrea, Yllka, Alya, Cindy, Joana a Catarina hunn eng ganz Rëtsch u Bio-Produiten an hirem Assortiment. Et geet ëm Hygiène an ee méi ëmweltschounenden Ëmgang mat der Wäsch… mee wien kucke geet, kritt dat professionell erkläert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Sinn all dës Elementer zesummen, steet dem Erfolleg eigentlech net méi allzevill am Wee. Fir datt dat alles elo och zesummegefouert ka ginn, begleet d‘ Asbl Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg dës jonk Leit mat professioneller Hëllef. Déi jonk Leit dierfen, wa se am eegenen Ëmfeld kee Coach fannen, ee bei der Asbl sollicitéieren. Déi si selwer Patron oder verfügen iwwert entspriechend Erfarung.

Zukunft ass och eng Fro vu Gestaltung

Natierelch wäerten net all d‘Projeten zu grousse „Geschäfter“ féieren, dees sinn sech och déi jonk Leit duerchaus bewosst. Et geet dann och drëms, aus Feeler ze léieren a méi generell: „wann een et elo net versicht, a herno bedauert seng Chance net ergraff ze hunn, ass et ze spéit“. An Erfarunge kann ni fréi genuch maachen. Et ass also begréissenswäert, en esouguer eppes méi dran…

Pop-up StoreDELLI‘CIOUS – Attert Lycée – de Joé (hei am Bild) stellt mat sengem Brudder Bob Haus- an Handgemaachte Sirop hir. Si hunn 24 verschidde Geschmaachsrichtungen am Assortiment, an alles wat dra kënnt aus lokaler a biologescher Produktioun. © Martine de Lagardère/moien.lu

Esou huelen déi ausgewielten „mini Entrepreneuren“ och um nationale Concours vun der Asbl Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg deel. De Finalist vun dësem Concours muss sech dann der internationaler Konkurrenz stellen, andeems hien um internationale Concours, dee vun „Junior Achievement“ (JA Europe) deel hëlt. Wéi ee feststelle kann, ass dat Ganzt kee Gespills, mee schon en eeschte Sujet.

Bei Lancement vun dëser (hoffentlech net eemoleger) Aktioun, huet d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer aus hirer Freed keen Heel gemaach. Si ass vum Engagement, wéi vun de Produiten déi hei um 38 Phillippsgaass ugebuede begeeschtert. Innovatioun an Nohaltegkeet vun de Produiten, esou eng éischt Feststellung, schéngen dësen zukünftegen Entrepreneure jo och wichteg ze sinn.

Pop-up StoreCARRY-AID – Fieldgen – d‘Cheyenne (hei am Bild) zesumme mam Morgane, Mathis, Yara an dem Lory, huet eng intelligent „Dro-Hëllef“ entwéckelt. Eigentlech ass et een einfache, dofir awer immens prakteschen Handschutz. All Respekt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir de Serge Wilmes, éischte Schäffe vun der Stad a Papp vun de Pop-up Storen, ass besonnesch dëse Projet, deen a Kooperatioun mat der Asbl Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg realiséiert gëtt, de wierklech leschte Beweis, datt een als Gemeng och géintiwwer der Geschäftswelt allgemeng, mee de jonken Entrepreneuren am speziellen eng Verantwortung huet. D‘Zukunft muss ee gestalten.

D‘Directrice vun der Asbl Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg, Stéphanie Damgé, war hirersäits ganz Frou dës konstruktiv Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg op de Wee bruecht ze hunn. Et wier grad a schwieregen Zäite wichteg, Perspektiven ze schafen an och Vertrauen an d‘Jugend ze weisen. En geet ëm de Prinzip vun den 3 „B“: Beroden, Begleeden a Begeeschteren.

Foto: Haut de Moien hunn d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer, de 1. Schäffe Serge Wilmes an d‘Directrice vun der Asbl Stéphanie Damgé, zesumme mat den éischten dräi Mini-Entrepreneure d‘Woch vun de Mini-Entreprisen um 38 Phillippsgaass lancéiert. Et ass wierklech flott wat dës Schüler/innen do unzebidden hunn. De Pop-up Store ass op vu Méindes bis Freides: 12.30 – 19 Auer, a Samschdes vun 9 bis 18 Auer. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Asbl Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg, Lydie Polfer, Pop-Up Store, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post