Search

You may also like

Chantier um Beetebuerger Kräiz (12.-14.06.2020)
Neiegkeeten

Chantier um Beetebuerger Kräiz (12.-14.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt de Stroossebelag um Beetebuerger Kräiz an zwou

Jemen: US-Senat warnt den Trump a Ryad
Neiegkeeten

Jemen: US-Senat warnt den Trump a Ryad

Um Mëttwoch, huet den US-Senat dem Donald Trump a Saudiarabien

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire
Neiegkeeten

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire

Datt et keng Steiergerechtegkeet ka ginn, déi dësem Ausdrock kéint

Pop-Up Stores an der Rue Philippe II – Et ass un Iech!

Pop-Up Stores an der Rue Philippe II – Et ass un Iech!

Am Hierscht 2019 huet d’Stad Lëtzebuerg säi Projet lancéiert, bei deem mat sougenannte Pop-Up Stores d’Geschäfter an d’Kreatioun ënnerstëtzt solle ginn. Ufank Dezember sinn esou d’Geschäfter „Bricks4Kidz“ a „BOTARI“ ageweit ginn.

Elo geet den zweeten Appell zur Kandidatur eraus. Ab Ufank August 2020 wäerten déi béid genannt Geschäfter nees hir Konzepter a Produiten ubidden, woubäi awer och aner Artisten a Geschäftsleit d’Chance solle kréien, hir Wierker unzebidden.

Bis e Sonndes, den 21. Juni 2020 sollt Dir dofir Är Kandidatur areechen. Den entspriechende Formulaire fannt Dir op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg. Bis Enn Juni ginn d’Kandidaturen ënnert d’Lupp geholl, sou datt am August déi glécklech Auserwielt an der Stad ze fanne sinn.

E puer wichteg Informatiounen

D’Pop-Up Stores an der Rue Philippe II (Hausnummer 38 bis 40) hunn eng Fläch vun ëm 45 m². Ugebuede ginn kënne Kleeder, Accessoire, Bijouxen, Dekoratiouns-Artikel, Servicer fir d’Fräizäit, d’Fleeg an d’Schéinheet, Konscht a gedréchent Iessen.

D’Geschäft muss op mannst ee Mount gelount ginn a ka maximal 6 Méint genotzt ginn. Eng Verlängerung vu weideren 3 Méint ass jee no Disponibilitéit méiglech. De Loyer wiesselt duerch d’Situatioun vum Entrepreneur.

Opmaacherbild: © Clark Street Mercantile / Unsplash


Weideres vun der Stad Lëtzebuerg:

Related topics Appell zur Kandidatur, Geschäfter, Kafkraaft, Kreativitéit, Originalitéit, Pop-Up Store, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post