Search

You may also like

Staupe beim Fuuss – D’Veterinärverwaltung réit op d’Muppen opzepassen
Business Neiegkeeten

Staupe beim Fuuss – D’Veterinärverwaltung réit op d’Muppen opzepassen

An de leschte Wochen sinn e puer Kadavere vu Fiiss

Lëtzebuerger Publicitéitsbericht 2018
Business Neiegkeeten

Lëtzebuerger Publicitéitsbericht 2018

Dat ganzt Joer iwwer hunn d‘Membere vun „Espace Pub“ an

Esch2022: De Christian Mosar verléisst d’Ekipp
Business Neiegkeeten

Esch2022: De Christian Mosar verléisst d’Ekipp

De Christian Mosar gëtt seng Tâche als kënschtlerechen Direkter vun

„Pop-up Stores“ an der Phillippsgaass – 2. Appell fir Kandidaturen

„Pop-up Stores“ an der Phillippsgaass – 2. Appell fir Kandidaturen

Am Hiecht 2019 hat d‘Stad Lëtzebuerg de Projet „Pop-up Stores“ initiéiert, mat deem d‘Stad den Handel ënnerstëtzt, den Entreprenariat promouvéiert an derzou bäidréit déi kommerziell Offer am Stadzentrum ze diversifizéieren.

Ufank Dezember hat de Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot déi 2 ephemer Geschäfter an der Phillippsgaass: „Bricks4Kidz“ a „BOTARI“ inauguréiert, déi beim éischten Appell als Kandidaten zréckbehale goufen. Hir Geschäfter sinn nach op bis Enn Abrëll. Fir dës erfollegräich Iddi weiderzeféieren, huet d‘Stad Lëtzebuerg elo en zweeten Appell lancéiert.

Ab Mee sollen déi zwee Geschäfter nei „Gestionnaire“ mat neie Konzepter a Produkter empfänken. An dofir den Appell fir d‘Kandidaturen: Geschäftsleit, Kreateuren, Kënschtler oder Start-ups, déi un engem vun den zwou Raimlechkeeten interesséiert sinn, kënnen hir Kandidatur mëttels dem um Site vun der Stad Lëtzebuerg zougängleche Formulaire areechen. Leschten Delai: 15. Mäerz 2020

D‘Analys vun de Kandidature gëtt bis Abrëll gemaach, esou datt déi nei ephemer Geschäfter hir Dieren ab Mee opmaache kënnen. D‘Raimlechkeete sinn op 38 an 40 Phillippsgaass geleeën an hunn eng Notzfläch vu ronn 45 M². Zougelooss fir d‘Vente si Wueren aus dem Textilberäich, Accessoiren an Bijouen, Haushaltswueren (Equipement, Deko), Konscht, Moud a Fotografie…

De Lokal muss vir mindestens 1 Mount bis maximal 6 Méint gelount ginn. Eng Verlängerung vu bis zu 3 Méint ass méiglech, ofhängeg vun der Disponibilitéit. D‘Héicht vum Loyer ass ofhängeg vun der spezifescher Situatioun vum Entrepreneur oder Commerçant. Fir d‘Charge gëtt ee Forfait erhuewen. Weider Informatiounen zum Ganze gëtt et dann och nach ënnert popup.vdl.lu

Matgedeelt vun der Stad Lëtzebuerg, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © VDL

Related topics Business, Phillippsgaass, Pop Up Stores, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post