Search

You may also like

Iran: Fraen am Stadion
Kultur Meenung WTF

Iran: Fraen am Stadion

Eng ronn honnert Fraen hunn um Dënschdegowend zu Teheran Zougang

De Stater Bierger a seng „Léift“ zum Garer Quartier
Kultur Meenung WTF

De Stater Bierger a seng „Léift“ zum Garer Quartier

Wann et gutt a wichteg ass, datt déi politesch verantwortlech

Den ACL informéiert
Kultur Meenung WTF

Den ACL informéiert

Wéi den Automobil Club Lëtzebuerg (ACL) et matgedeelt huet, kann

surprise

Wann de Popcorn besser wéi de Film ass

Wann de Popcorn besser wéi de Film ass

Heiansdo ass net ze verstoen, wat sech d’Produzenten an Hollywood denken. Ech weess, datt der vill esou denken, besonnesch dann, wann se am Kino stinn, an nach net wëssen, wat se solle kucken. E Bléck iwwert d’Lëscht mat de Blockbuster verréit do villes.

Dëse Summer huet e puer bekannte Gesiichter. Spider-Man ass mëttlerweil beim sechste Film ukomm. Valerian sollt Frënn vu BDe bekannt sinn. En neie Planet der Affen? Klassescher geet et kaum. Mee dat sinn net déi Filmer, vun deenen ech schwätzen. Nee, do stécht mer éischter eppes wéi den The Emoji Movie an d’An.

Net, datt d’Konzept vun engem Film, deen sech ronderëm eppes wéi Emojis dréint, net opgoe kéint. De Lego-Film huet bewisen, datt een net nëmmen déi Kleng, mee och di grouss mat e bësschen Usproch a Witz begeeschtere kann. Dëst ass bei The Emoji Movie – sou wäit d’Kritiken dat erkenne loossen – net de Fall. Op Rotten Tomatoes huet de Film aktuell ganzer 8%. Geld wäert e wahrscheinlech trotzdeem maachen. An dobäi ass de Film net ontypesch fir Hollywood.

Et ginn nämlech Filmer, déi lafen, egal op se gutt sinn, oder net. Mäi léifste Beispill ass sou zimlech alles, wat den Adam Sandler sou mécht. Obwuel d’Folter säit längerem verbueden ass, loossen se dee Mënsch ëmmer nach Filmer maachen! Dobäi falen se souwuel beim Publikum als och bei de Kritiker duerch. An trotzdeem maachen se Geld. A Razzie Awards, net ze vergiessen.

Et ass selbstverständlech Affaire de Goût wat een a punkto Filmer gutt fënnt. An dëse Summer lafe genuch interessant Filmer, egal op se elo op bekannte Saache grënnen oder eppes Neies duerstellen. An dach muss ech mer d’Fro stellen, firwat d’Qualitéit bei de Filmer nach net spranghaft an Luucht gaangen ass, wéi bei den TV-Serien. Sécherlech ginn et nach schlecht Serien, mee duerch de Streaming ass am ieweschten Niveau einfach méi ze fannen. Et kann een eben net méi soen: Ech kucken dat elo, well et leeft jo soss näischt op der Këscht. An dat schued de schwaachen a mëttelméissege Serien.

Braucht de Kinos-Film och eng Streaming-Revolutioun?

Related topics Film, Kultur
Next post Previous post