Search

You may also like

D’Frankfurter Buchmesse 2020 fënnt tatsächlech statt
International Neiegkeeten

D’Frankfurter Buchmesse 2020 fënnt tatsächlech statt

Wéi gëschter annoncéiert ginn ass, wäert d’Frankfurter Buchmesse tatsächlech vum 14.

Tätlechkeet am Garer Quartier
International Neiegkeeten

Tätlechkeet am Garer Quartier

Nom Virfall vu leschte Samschdeg, bei deem et tëscht Agente

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!
International Neiegkeeten

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!

Samsa Film ass houfreg matzedeelen, datt de Film „Superjhemp Retörns“

EU-Wahlen 2019: Populismus a riets Ideologien um Virmarsch

Enger Ëmfro no, kéint et no de Wahlen am Mee, nach méi Europagéigner am EU-Parlament ginn

EU-Wahlen 2019: Populismus a riets Ideologien um Virmarsch

Et ass d‘EU-Parlament, dat 100 Deeg virum Urnegang eng Ëmfro an Optrag ginn huet, an déi ass alles mee net erfreelech. Populismus an rietsradikal Ideologien hunn hir Clientèle fonnt, an et gesäit ganz duerno aus, wéi wann si déi beschten Aussiichten op Erfolleg hätten.

Esou d‘Fraktioun „Europa vun den Natiounen an der Fräiheet“ (ENF) déi net emol de Versuch maachen ze verheemlechen, datt se Faschiste sinn, an hir eenzeg politesch Berechtegung am EU-Parlament, d‘Zersetzung vun der europäescher Unioun ass. Si hunn am Steve Bannon, deen zu Bréissel mat enger Lobbygrupp och beméit ass sech géint d‘EU opzestellen, e grousse Supporter.

Gläiches ass der rietspopulistescher EFDD-Fraktioun zouzeschreiwen, wann och vläicht an engem geréngeren Ausmooss. Stëmmt de Sondage, géifen d‘Faschisten am EU-Parlament 22 Mandater gewannen, an op 59 Sëtz. Si wieren dann déi véiert stäerkste Fraktioun, a kéinte méiglecherweis, als Koalitiounspartner vun der konservativer EPP un de Geschécker vun der Unioun bedeelegt ginn.

An der ENF sinn esou renomméiert wéi humanistesch opgestallte Parteie vertruede wéi: Lega Nord (Italien), FPÖ (Éisträich), oder nach de franséische Rassemblement National (RN) vum Marine Le Pen. Zur EFDD gehéiert d‘AfD an (nëmmen nach e puer Woche laang) déi britesch UKIP, där et gelongen ass – zesumme mat aneren – déi eege Leit mat Ligen, fir de Brexit ze begeeschteren.

Ideologien

En Trauerspill sonner gläichen

Déi sougenannte Volleksparteien, déi iwwer Joerzéngten ewech, weder de Wieler berécksiichtegt, nach eeschthaft respektéiert hunn, sinn – an dat schléit eigentlech dem Faass de Buedem aus – „verwonnert“. Si loossen sech vun der Industrie d‘Gesetzer an d‘Direktiven diktéieren, komme mat der Wourecht ëmmer dann ervir, wa se längst bekannt ass, a sech net méi verheemleche léisst.

Wann elo – an dat stëmmt u sech och – ugefouert gëtt, datt am Kär-Europa (Gemengt sinn déi üblech Verdächteg: Däitschland, Frankräich an d‘Benelux-Länner) nach eng 70% vun de Befroten der Usiicht sinn, datt hir Meenung eppes wäert ass, esou gehéieren zu dësem Prozentsaz, och déi Wieler déi de Projet Europa wëlle lassginn. Begeeschterung kënnt domatter och keng op…

Europa mécht et de Skeptiker allerdéngs einfach. Vill Entscheedunge sinn net novollzéibar, well se net erkläert ginn, an dëse Beholl huet System. Vill Entscheedunge ginn zudeem, vun deenen déi se zu Bréissel matgestëmmt hunn, am eegene Land genotzt, vill politescht Ongeschéck ze vertuschen. A sollt Europa scheiteren, ass et an éischter Linn dëse Politiker geschëlt, net de Populisten.

Related topics EU-Parlament, Europawahlen 2019, Politik, Populismus, Rietsextremismus
Next post Previous post