Search

You may also like

Trauer an der däitscher Fernsehwelt: De Willi Herren ass dout
Kultur Neiegkeeten

Trauer an der däitscher Fernsehwelt: De Willi Herren ass dout

Nodeems den Kölner Acteur a Reality-Star Willi Herren gëschter net

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!
Kultur Neiegkeeten

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!

Um 17:30 Auer huet den Tourismusminister Lex Delles, zesumme mam

Éischt Sëtzung vum  ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet
Kultur Neiegkeeten

Éischt Sëtzung vum ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet

Gëschter am Nomëtte war am Stater Cercel déi éischt Sëtzung

Ee Joerzéngt Porn Queen – „MANTRA“ mécht Loscht op méi!

Ee Joerzéngt Porn Queen – „MANTRA“ mécht Loscht op méi!

Wann een den 10. Gebuertsdag schonn net grouss feiere kann, da mécht de Museker, wat en am Beschte kann: D’Fans mat engem neie Wierk begeeschteren. Esou mellt sech d’Lëtzebuerger Hard Rock Band Porn Queen mat „Mantra“ zeréck a weist, wat d’Artisten an den eegene véier Wänn kreéiert hunn.

T’ass déi éischt Amuse-Bouche, déi Porn Queen vun der neier EP, déi am Hierscht 2020 erauskomme soll, verëffentlecht. Mat „Mantra“ huet ee sech awer och selwer eng Aart Gebuertsdagscadeau fir ee Joerzéngt Bestoen erschafen.

Léift ass d’Äntwert!

D’Lidd „Mantra“ ass wärend der Quarantaine entstanen, sou datt d’Museker vun Doheem aus opgeholl a sech gefilmt hunn. Dat neit Wierk handelt dobäi ëm d’Ausdauer déi een beweise soll, fir aus der Däischtert erauszekommen. Net nëmmen d’Kraaft vun der Musek, ma och d’Léift si Schlësselelementer, déi eng grouss Hëllef bidden.

De Video wiesselt wärenddeem hin an hir tëscht de Museker a Messagen, datt een lokal Gruppen ënnerstëtzen soll, datt alles erëm gutt wäert ginn, datt Musek engem ëmmer zur Säit stoe wäert.

Porn Queen

© Porn Queen / Facebook

E klengen Exkurs an d’Porn Queen-Geschicht

Schonn zënter 2010 ass Porn Queen an der Musekszeen aktiv a konnt sech mëttlerweil och am Ausland een Numm maachen. Ugefaangen huet d’Karriär mam Lucas Ferraz (Gesang a Gittar) an dem Fred Barretto (Gittar). Nodeems sech den Yves DeVille (Batterie) an de Fastro Daniel (Bass) dozou gesellt hunn, war d’Formatioun bereet fir d’Bühn. Am Februar 2019 huet d’Nadja Prange de Grupp vergréissert, sou datt déi fënnefkäppeg Band elo nach méi an d’Tasten, respektiv an d’Säiten, op de Mikro an op d’Tromm hae kann.

Porn Queen

© Porn Queen

Nodeems Porn Queen op de lokale Bühnen ënnerwee war, kruten d’Museker Ufank Juli 2010 déi grandios Méiglechkeet mam legendäre Gittarist Slash an der Rockhal opzetrieden. Zënterhir hu si och a Frankräich, Groussbritannien, Holland, Däitschland, der Tschechescher Republik, der Slowakei, Ungarn, Éisträich a weideren dierfen rocken.

Dobäi kommen Concerten um Food For Your Senses, Netrockfestival, Fête de la Musique zu Diddeleng, Rock um Knuedler, Rock-A, Sonisphère a ville méi. Inspiréiere léisst sech d’Band dobäi um Hard Rock vun den 1980er Joer. E Soupçon Blues an eng Grëtz Rock’n’Roll vereedelen hir Kreatiounen zousätzlech.

Lauschtere kann een “Mantra” a weider Wierker bei de verschidden Ubidder (Spotify, Apple Music, YouTube,…). Vergiesst net Porn Queen och op Facebook an Instagram ze besichen.

Related topics 10. Gebuertsdag, Blues, Depressioun, Hard-Rock, Joerzéngt, Léift, Mantra, Musék, nei Single, Porn Queen, Quarantaine, Youtube
Next post Previous post