Search

You may also like

Géint d’Mënscherechter: Zwangsaarbecht an onmënschlech Zoustänn fir d’Uiguren
Neiegkeeten

Géint d’Mënscherechter: Zwangsaarbecht an onmënschlech Zoustänn fir d’Uiguren

D’Caritas Lëtzebuerg ass besuergt ëm déi uiguresch Minoritéit, déi am

Et gëtt eng „hot“ Rentrée
Neiegkeeten

Et gëtt eng „hot“ Rentrée

Déi politesch Rentrée dierft, streng geholl, net onwiesentlech méi liicht

Wie séngt dann do? Eng Excursioun am Naturschutzgebitt Schlammwiss
Neiegkeeten

Wie séngt dann do? Eng Excursioun am Naturschutzgebitt Schlammwiss

Am Kader vun der Campagne „En Dag an der Natur“

Porte Ouverte 2020 am Lycée Ermesinde

Porte Ouverte 2020 am Lycée Ermesinde

De Lycée Ermesinde (LEM) zu Miersch invitéiert op seng Porte Ouverte, den 1. Februar vun 9:00 bis 16:00 Auer. Hei kritt een d’Méiglechkeet sech d’Gebai unzekucken, guidéiert Visitte matzemaachen an un Informatiounskonferenzen deelzehuelen.

Den LEM ass eng national an autonom Ganzdagsschoule, déi sech op d’Orientatioun an den Entrepreneuriat ausgeriicht huet. Genau Informatiounen zum Lycée a senger Offer fannt Dir schonn am viraus um Site www.lem.lu an op Facebook.

Lycée Ermesinde

D’Educatioun am LEM ass breet gefächert. Esou bitt de Lycée ënnert anerem:

  • Eng theoretesch a praktesch Ausbildung am Gebai, sou wéi an internen Entreprisen
  • Déi dräi Regimer (Classique, Général, Préparatoire) an d’Sektiounen B, C, Da G am Cycle Supérieur vum Enseignement Secondaire.
  • Englesch- a Latäincoursen vu 7ième un
  • D’Fërderung vun Talenter a perséinlechen Interessen
  • Ee perséinlechen Tutorat
  • Een Internat fir engagéiert Schüler
  • Ee stabilt, rouegt a séchert Ëmfeld, wat déi disziplinéiert Aarbecht ënnerstëtzt
  • Eng Communautéit, déi op Vertrauen, Gesellegkeet, Exzellenz an déi géigesäiteg Ënnerstëtzung berout
  • Eng erhéichten Disponibilitéit un Enseignanten, Spezialisten an Educateuren
  • Dauerhafte Kontakt mat den Elteren
  • Eng qualitativ héichwäerteg Kantin

Adresse

Lycée Ermesinde
45, rue de la Gare
L-7590 Mersch
Tél.: 26 89 00
Fax : 26 89 00 315
www.lem.lu

Opmaacherfoto: Lycée Ermesinde

Related topics Educatioun, LEM, Lycee, Lycée Ermesinde, porte Ouverte, Schoul, Schüler, Visitt
Next post Previous post