Search

You may also like

D‘Naturverwaltung kéint Ënnerstëtzung gebrauchen
Kultur Neiegkeeten

D‘Naturverwaltung kéint Ënnerstëtzung gebrauchen

Wéi et säitens der Naturverwaltung (ANF) matgedeelt ginn ass, wier

Den Dauerwahlkampf, erkläert
Kultur Neiegkeeten

Den Dauerwahlkampf, erkläert

Et huet een et op de Parteikongresser an de Medien

money
Brexit: Finanzplaz erhofft sech 3.000 Aarbechtsplazen
Kultur Neiegkeeten

Brexit: Finanzplaz erhofft sech 3.000 Aarbechtsplazen

D‘Banken an aner Finanzinstituter a Groussbritannien wieren op de Brexit

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm

De Start vun der neier Nationalbibliothéik (BnL) hätt net kënne besser sinn. Um Weekend vun der Porte Ouverte, de 5. a 6. Oktober 2019 hu 14.000 Persounen déi nei Raimlechkeeten, d’Kollektiounen, d’Servicer an d’Infrastrukture bewonnert. An dësem Kader wëll d’BnL jiddwerengem een decke Merci soe fir den Interessi.

D’Porte Ouverte vun der Nationalbibliothéik, déi ab elo um Kierchbierg ze fannen ass, stoungen ënnert anerem Liesunge vum Gast Groeber, Corina Ciocârlie, Elise Schmit, Pol Greisch a Jeff Schinker um Programm. D’Workshops vun ebooks.lu an a-z.lu, d’Presentatioun vum webarchive.lu, sou wéi d’Digitaliséierung vun de patrimoniale Kollektiounen hunn et dem Visiteur erméiglecht, fir déi verschidde Missioune vun der Nationalbibliothéik kennenzeléieren. Eng enorm Offer un Dokumenter gëtt jiddwerengem gratis zur Verfügung gestallt.

Och um musikaleschen Niveau hat d’Evenement um Weekend eppes ze bidden. Mat der Jeff Herr Corporation, dem Sven Sauber Duo a Cojellicos Jangen ass d’Porte Ouverte super ofgerënnt ginn. Virun allem de jonke Publikum huet déi divers Aktivitéiten an d’Kollektioun u Lëtzebuerger Wierker, BD’en, Mangaen a Comics besonnesch geschat.

Méi wéi 1.200 nei Aschreiwungen si wärend den zwee Deeg gemaach ginn. D’Inscriptioun bei der BnL ass gratis, mat der Kaart kann ee sech Bicher reservéieren, Wierker ausléinen oder Dokumenter zu all Zäit zeréck ginn.

D’Ekipp vun der Nationalbibliothéik weist sech iwweraus houfreg iwwert déi positiv Resonanz. No der éischter Woch kuckt ee freedeg an d’Zukunft an et hofft een an der BnL eng lieweg an aluedend Atmosphär ze schafen, an där d’Kultur gefërdert a Wësse vermëttelt gëtt.

Opmaacherfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics a-z.lu, Bicher, BnL, ebooks.lu, Kierchbierg, Literatur, Musék, Nationalbibliothéik, porte Ouverte
Next post Previous post