Search

You may also like

Global Covid19-Impfcampagne: Wien huet d‘Nues vir?
Neiegkeeten

Global Covid19-Impfcampagne: Wien huet d‘Nues vir?

Säit verschidden Impfstoffer zougelooss sinn, geet et „ënnerschiddlech“ gutt viru

Esch-Uelzecht: d‘Kultur um Préifstand
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: d‘Kultur um Préifstand

Déi Escher hunn eng Etüd lancéiert, bei där et drëms

Wallounien: 2 Milliarde fir d‘Mobilitéit
Neiegkeeten

Wallounien: 2 Milliarde fir d‘Mobilitéit

Fir den Zäitraum 2020-2026 huet d‘Regioun Wallounien e Budget vu

Positiv Aktiounen – Net just nëmmen ee Label

Positiv Aktiounen – Net just nëmmen ee Label

Wärend enger Zeremonie, déi den 9. Dezember live iwwerdroe gouf, gratuléiert d‘Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, den Entreprisen, déi bewäerte Verfueren entwéckelt an hiren Aktiounsplang erfollegräich ëmgesat hunn.

D’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer gëtt all Dag opgebaut a gelieft”, seet Taina Bofferding. “D’Gläichstellung assuréiert e gerechte System, fir datt jiddereen gedeien a sech selwer entwéckele kann. Si schätzen d’Fäegkeete vun den Individuen a drängen zesummen dorop, Stereotyppen ze iwwerwannen. D’Gläischellung vu Männer a Fraen, gëtt deeglech opgebaut a gelieft”, esou d‘Taina Bofferding.

Positiv

De „Positive Actions“ Programm dréit dozou bäi, datt d’Gläichheet op allen Niveaue vun der Entreprise am Alldag erlieft gëtt a fërdert eng integrativ Wirtschaft. Doduerch gëtt op allen Niveauen eng integrativ Wirtschaft gefërdert.

Fënnef Entreprisen hunn dës Joer de Label fir d‘éischt iwwerreecht kritt:

  • Arendt,
  • Aura Grupp,
  • EY Lëtzebuerg,
  • Orange Lëtzebuerg,
  • Polygone

Doriwwer eraus hunn dräi Entreprisen hiert Engagement erneiert:

  • GACEIS,
  • Compass Grupp,
  • Ferber Grupp

Als Erënnerung: „Positiv Aktioune“ baséiert op enger fräiwëlleger Approche. Bis haut hunn ongeféier 90 Entreprisen erfollegräich um Programm deelgeholl

Illustratioun: © John Tyson / unsplash

Related topics Actions positives, MEGA, Ministère fir Gläichstellung, Positiv Aktiounen, Taina Bofferding
Next post Previous post