Search

You may also like

Den Trump schéckt Zaldoten un déi mexikanesch Grenz
Business Neiegkeeten

Den Trump schéckt Zaldoten un déi mexikanesch Grenz

Wann se dem „Chef“ keng Sue fir eng Mauer aus

money
Erschwéiert Konditioune fir d‘Stater Braderie
Business Neiegkeeten

Erschwéiert Konditioune fir d‘Stater Braderie

Datt dëst Joer wéinst der Covid19-Pandemie näischt esou ass wéi

Den Invité vun der EU-Ausseministerkonferenz: Svetlana Tichanowskaja
Business Neiegkeeten

Den Invité vun der EU-Ausseministerkonferenz: Svetlana Tichanowskaja

Bannent der EU-Kommissioun ass ee sech eens, datt dem leschten

Positiv Bilanz fir schwaarz Sheriffer

Positiv Bilanz fir schwaarz Sheriffer

Den Asaz vun de private Sécherheetsagenten op a ronderëm de Beräich vun der Stater Gare schléisst mat enger positiver Note of. Ab dem 15. Mee soll d‘Aktioun weidergefouert ginn, dann awer net méi mat der Entreprise GDL Security, mat deenen de Vertrag den 30. Mäerz ausgelaf ass.

Vum 15. Mee un a fir d‘Dauer vu sechs Méint, gëtt dës Missioun da vun der Entreprise G4S – enger weltwäit agéierender Grupp, déi ënnert anerem an Australien an och an Neiséiland d’Prisonge verwalt an am Ruff steet, eng ganz eegen Opfaassung vu Rechtsstaatlechkeet ze vertrieden (mir hunn Iech do eppes zesummegestallt) – déi da fir méi „Sécherheetsgefill“ an de Gaasse vum Quartier suerge soll.

Firwat sech d‘Stad Lëtzebuerg mat enger Entreprise op Sécherheetsaufgabe verstännegt, déi staark an der Kritik steet a wéineg, bis näischt fir Mënscherechter, awer vill fir Geld iwwreg huet? Dat ass esou mat Ausschreiwungen, an déi puer Skandaler, déi dem brittesch-dänesche Konsortium vun der UNO an der OECD virgeworf ginn, hu jo och guer näischt mat der Lëtzebuerger Filial ze dinn.

D‘Police kann/wëll näischt zum Choix vum Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot soen, confirméiert awer d‘Presenz an de Brennpunkte vum Garer a Bouneweger Quartier erhéicht ze hunn. Ab dem 15. Mee also, gëtt d‘Police vu G4S bei hire Missiounen ënnerstëtzt… Ob si och esou flott Rapporte fir de Schäfferot hikréien? D‘Oppositioun am Gemengerot ass eppes gelueden.

Illustratioun: ©Dario Glionna / unsplash

Annex:

Related topics G4S, GDL Security, Patrullen, Police, Sécherheet, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post