Search

You may also like

Russesch Medienopsiicht bremst Twitter aus
International Neiegkeeten

Russesch Medienopsiicht bremst Twitter aus

Wéi Roskomnadsor (Роскомнадзор) matgedeelt huet, hätt de Bedreiwer vum sozialen

Bolivianesche President béit sech dem Wëlle vun der Strooss
International Neiegkeeten

Bolivianesche President béit sech dem Wëlle vun der Strooss

No wochelaange Protester huet den Evo Morales agesinn, datt d‘Rou

Zwou Milliarden US-Dollar Entschiedegung fir Glyphosat Affer
International Neiegkeeten

Zwou Milliarden US-Dollar Entschiedegung fir Glyphosat Affer

Wéi den däitsche Pharma- a Chimiekonzern BAYER déi op „Ëmweltschutz“

Post-Brexit-Ofkommes: Hansen fuerdert Decisioun bis Enn Oktober

Post-Brexit-Ofkommes: Hansen fuerdert Decisioun bis Enn Oktober

Mir si bei der 8. Verhandlungsronn vum Post-Brexit-Ofkommes ukomm an esou lues leeft d’Zäit dovun. Den Europadeputéierten Christophe Hansen schléit dofir Alarm a fuerdert eng Decisioun bis Enn Oktober.

D’Enn vun der Iwwergangsphas vun engem Joer kënnt méi no, an awer verzeechent een um politeschen Niveau kee Fortschrëtt. Als Berichterstatter vum Handelsausschoss vum Europäesche Parlament fir d’Bezéiungen tëscht der EU a Groussbritannien mécht de Christophe Hansen drop opmierksam, datt d’EU-Parlament net einfach iergendeen Accord ofseene wäert, mee dësen am Detail iwwerliese wëll. Aus dësem Grond sollt ee sech elo begannen.

„D’Europäescht Parlament braucht genuch Zäit, fir d’Ofkommes ze préiwen. Am vergaangene Juni huet dëst Haus massiv eng detailléiert Entschléissung ënnerstëtzt, an där mir eis konsequent Ënnerstëtzung fir en ëmfaassend Ofkommes zum Ausdrock bruecht hunn. Mir stinn dozou, a mir wäerte genuch Zäit brauchen, fir d’Ofkommes virum Hannergrond vun dëser Resolutioun ze préiwen“, erkläert den Europadeputéierten.

Dës Weideren wier d’Ratifizéierung am EU-Parlament kee liichte Spadséiergank. Natierlech wëll een op béide Säiten Kompromësser fannen. Sollen d’Briten awer tatsächlech e gudden Deal, da sollte si elo keng Zäit verschwenden.

Opmaacherbild: UK Prime Minister / Facebook

Related topics Accord, Boris Johnson, Christophe Hansen, Decisioun, EU-Parlament, Europäescht Parlament, Groussbritannien, Post-Brexit-Ofkommes
Next post Previous post