Search

You may also like

Fondatioun Josy Barthel: D’Athletin Vera Hoffmann huet iwwerzeegt
Kultur Neiegkeeten Sport

Fondatioun Josy Barthel: D’Athletin Vera Hoffmann huet iwwerzeegt

Déi jonk Athletin Vera Hoffmann duerft viru kuerzem d’Bourse vun

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel
Kultur Neiegkeeten Sport

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel

D‘UN-Generalversammlung huet e Mëttwoch e Resolutiounsprojet ugeholl, géint deen sech

A wëll et esou schéin ass nach ee Chantier an der Eecher Strooss
Kultur Neiegkeeten Sport

A wëll et esou schéin ass nach ee Chantier an der Eecher Strooss

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vu Samschdes, de 15. Februar

POST Esports Masters: Si hu sech an der Final näischt gegënnt

Déi zweet Editioun vun der POST Esports Masters Competitioun huet leschte Weekend stattfonnt. Et kann e wuel zu Recht soen, datt de Succès vum leschte Joer getoppt ginn ass! D’Spiller hu véier haart Méint hannert sech, de Konkurrenzkampf war net op déi liicht Schëller ze huelen.

De 5. a 6. Juni gouf d’Competitioun am Kinepolis an enger aussergewéinlecher Show op en Enn bruecht – nëmmen déi Bescht vun e puer Honnert waren iwwereg. Samschdes hunn d’Finaliste vu League of Legends ëm de Meeschtertitel gekämpft, d’Präisgeld vu 5.000 Euro war nawell eng gutt Motivatioun.

D’Red Lions, al Champions, hunn hiren Titel misse verdeedegen. Erstaunlecherweis waren et schliisslech Outplay Esports, déi si vum Troun gestouss hunn a soumat zu de grousse Gewënner gi sinn. Dat war eng immens Leeschtung, wann ee bedenkt, wéi schwéier si et an der éischter Editioun haten. Do kann een elo scho gespaant sinn, wat am nächste Joer op eis duerkënnt. Op der zweeter Plaz ass d‘Team Slick gelant, Rely On ass soumat den Drëtte ginn.

POST Esports Masters
© Shari Pleimelding / moien.lu

Duerch déi sanitär Gesondheetssituatioun war d’Final leider net fir d’Ëffentlechkeet bestëmmt. Ma, et konnt een dat spannend Event live op der Streamingplattform Twitch verfollegen. De Spectateure konnt kee Moment entgoen, déi technesch Organisatioun vum Stream huet fir eng intensiv a professionell Stëmmung gesuergt.

A wat rullt dann do?

Sonndes ass et net nëmmen ëm de Ball gaangen. D’Finalisten hunn an der Fifa-Disziplinn ëm de Pokal an d’Präisgeld an Héicht vun 1.500 Euro gekämpft. De franséische Spiller Fuoriclasse gouf mat dräi Punkte Virsprong Champion – wann e bedenkt, datt Fuoriclasse op italienesch „éischtklassesch“ heescht, sollt een och näischt aneres erwaarden. De Shadoow ass elo bestëmmt motivéiert aus der zweeter, déi éischt Plaz ze maachen. Drëtte gouf hei de LouisLux.

Bei Clash Royale, engem mobillen Handyspill hunn d’Gamer an hire virtuellen Arenae probéiert, déi wäertvoll Kroune mat ënnerschiddlechen Zauberen an Elixéieren ze erreechen an ze sammelen. Et ass batter a konzentréiert gekämpft ginn, et gouf sech keng Paus gegënnt. Mat e bësse Fantasie konnt een d’Blutt an de Schweess richen, ma och hei ass déi éischt Plaz mat 1.500 Euro belount ginn.

De jonke Spiller Blackpearl konnt sech schlussendlech ganz houfreg mam Pokal a mam iwwergrousse Scheck fotograféiere loossen. Och de Spiller Tortel (2. Plaz) an de Shy guy (3. Plaz) hunn dierfen op d’Bühn kommen a sech iwwert hir Leeschtung freeën.

Et war een emotiounsgeluedene Weekend, dee wahrscheinlech net nëmmen de Gamer an hire Mannschaften an Erënnerung bleift. D’Spectateuren hunn nach laang dovunner, a wien weess, villäicht kënnt jo deen een oder aneren op de Goût eng Maus an de Grapp ze huelen, den Headset unzedoen a lasszeleeën.

D’Stëmmung vergësst e soubal net, Liichteffekter a Musek bei der Präisiwwerreechung hunn fir eng opreegend Atmosphär gesuergt. D’Héngerhaut war garantéiert. D’Rieden déi op Englesch waren op de Punkt bruecht, d’Motivatioun war an all Eck ze spieren. An dat ass well beim Accueil ugaangen. D’Moderatoren hunn alles esou interesséiert a mam néidegen Humor kommentéiert, et war zu kengem Moment langweileg.

POST Esports Masters
© Shari Pleimelding / moien.lu

A wat beweist eis dat?

eSport ass net nëmmen e Spill oder Sport, mee Passioun! Et war e laange Wee, bis datt dës technesch Competitiounen tatsächlech als „richtege Sport“ ugesi goufen. Wann e bis eemol e Bléck hannert d’Kulisse geheit huet, versteet een, datt sech dëse Kampf gelount huet.

De Weekend huet ee vill jonk Sportler gesinn – an dat an engem Sport mat Zukunft. Roueg Hänn, eng uerdentlech Motorik, Konzentratioun, Taktik, Orientéierung an Duerchhalverméige si just e puer vun de Fäegkeeten, déi e scho bal blann muss beherrschen. A wien weess, villäicht sëtzt den nächste Champion schonn a sengem Zëmmer an trainéiert fläisseg.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie zu de POST Esports Master um Samschdeg © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Blackpearl, Clash Royale, FIFA, Final, Fuoriclasse, Gaming, Kierchbierg, Kinepolis, Konzentratioun, League of Legends, LouisLux, Outplay Esports, POST Esports Masters, Red Lions, Rely On, Shadoow, Shy guy, Slick, Taktik, Tortel
Next post Previous post