Search

You may also like

Bedeite méi Stroossekontrollen méi Sécherheet?
Neiegkeeten Sport

Bedeite méi Stroossekontrollen méi Sécherheet?

Fir mat Tweets fir Diskussiounen ze suergen muss een net

Wie fir d‘éischt schéisst stierft als zweet
Neiegkeeten Sport

Wie fir d‘éischt schéisst stierft als zweet

A Libyen huet de Generol Chalifa Haftar seng Truppen an

(Nach) keng gréisser Verwerfungen um Aarbechtsmaart
Neiegkeeten Sport

(Nach) keng gréisser Verwerfungen um Aarbechtsmaart

Et gëtt masseg Sozialpläng: d‘SES, ArcelorMittal, Luxair, BCD Travel, Guardian

POST Esports Masters: Déi nei Saison steet un!

POST Esports Masters: Déi nei Saison steet un!

Nodeems déi éischt E-Sports Competitiounen am vergaangene September en immensen Erfolleg feiere konnten, lancéiert d’Post déi nächst Saison mat engem iwwerschaffte Format – an ënnert neien Numm!

Aus Grënn vun der Koherenz gëtt aus POST eSports League an Zukunft POST Esports Masters. Dobäi bitt den Titel e méi breet Handlungsfeld fir d’Zukunft.

Spiller aus Lëtzebuerg an der Groussregioun dëst Joer dierfen esou och dëst Joer nees hiert Gléck an hir Fäegkeeten ënner Beweis stellen. Dofir gëllt et fir d’éischt Qualifikatiounen ze meeschteren. Dës sinn den 21. an 22 Mäerz fir FIFA a Clash Royale, den 8. an 9. Mee fir League of Legends. D’Participante kënnen sech ab e Méindeg, 8. Februar um 18 Auer op der Säit www.postesportsmasters.lu aschreiwen.

Och wann déi 3 Spiller vun der éischter Staffel, déi iwwregens am Kinepolis um Kierchbierg stattfonnt huet, onverännert bleiwen, huet sech d’Format vum Concours weider entwéckelt. Fir FIFA a Clash Royale wäerten d’Spiller fir d’éischt an engem Championnat géinteneen untrieden (Abrëll-Mee), dono huelen si un enger Coupe (Juni) deel. Et ginn also potenziell 2 Championstitele pro Disziplin ze gewannen.

Fir League of Legends treffen sech d’Equippe fir e groussen Turnéier, deen e puer Wochen dauert. Wéi gewinnt wäerten d’Competitiounen haaptsächlech online stattfannen.

Et ginn awer nach Neiegkeeten: Avm Fritz, Enovos, Foyer, Raiffeisen a Wild Creative Studio hunn sech der Lëscht vun de Partenairen ugeschloss, fir d’Spiller an hirer Leidenschaft ze ënnerstëtzen.

An dësem Joer ginn d’Ambitioune méi héich geschrauft. Déi bescht Spiller ginn op der Twitch-Plattform gestreamt a presentéiert. Insgesamt 20.000 € wäerten déi ganz Saison zur Verfügung stoen!

Related topics Championnat, Clach Royal, Computerspiller, E-Sport Competitioun, FIFA, League of Legends, Neiegkeeten, POST Esports Masters
Next post Previous post