Search

You may also like

Kockeldiko – Wann de 25. Gebuertsdag grouss gefeiert gëtt!
Neiegkeeten

Kockeldiko – Wann de 25. Gebuertsdag grouss gefeiert gëtt!

Um vergaangene Weekend gouf et bei der Kockelscheier eppes Gréisseres

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!
Neiegkeeten

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!

[onionbuzz quiz-id=105][/onionbuzz] D’Lëtzebuerger Muséeslandschaft ass de vergangenen 20 Joer opgebléit.

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung
Neiegkeeten

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert,

De Kleeschen war do: D’POST krut Fairtrade zertifiéiertert Tenuen

De Kleeschen war do: D’POST krut Fairtrade zertifiéiertert Tenuen

Zënter November 2020 droen d’POST-Kollaborateuren an der Vente Fairtrade zertifiéiert Tenuen. Hir Gileten a Pulloveren sinn also net nëmme komfortabel a bestinn aus Bio-Kotteng, se sinn och nach ënnert fairen Aarbechtskonditiounen an iwwert eng respektvoll Produktioun entstanen.

Enn 2019 hat d’POST, zesumme mat Fairtrade Lëtzebuerg eng Enquête bei de Fournisseure vu Kleedung lancéiert. Am Endeffekt huet een Akabo als Wonschpartner erausgesicht. D’Entreprise, déi op der Gare ze fannen ass, huet nämlech alle Kritären – vum Komfort bis zur Nohaltegkeet – entsprach. Fir d’Zukunft wëll d’POST nach weider no Alternative fir aner Typpe vun Aarbechtskleedung kucken.

POST Fairtrade© POST Luxembourg

An dësem Kader huet d’Hjoerdis Stahl, Direktesch vu POST Courrier a stellvertriedend Generaldirektesch vu POST Lëtzebuerg, erkläert, datt een zënter 2012 no Demarche sicht, fir d’Sozialverantwortung vun der Entreprise (CSR) ze fërderen. Et wëll een net nëmmen op ekonomesch Hisiicht méi responsabel handelen, mee och am sozialen Beräich, sou mat Responsabilitéit fir d’Ëmwelt agéieren.

Ma, déi éischt Commande huet méi wéi 750 Kleedungsstécker fir d’Beamte vu POST Courrier a POST Telecom gezielt.

Opmaacherfoto © POST Luxembourg

Related topics Aarbechtskleedung, Akabo, Bio-Kotteng, Fairtrade Lëtzebuerg, Fairtrade zertifiéiert Tenuen, POST Courrier, Post Telecom, Responsabilitéit, Verantwortung
Next post Previous post