Search

You may also like

Rock the South 2018 – Newcomer ganz grouss!
Neiegkeeten

Rock the South 2018 – Newcomer ganz grouss!

Säit der éischter Editioun vum Rock the South-Newcomer Band Contest

Brexit: Spuenien mat engem Erpressungsversuch
Neiegkeeten

Brexit: Spuenien mat engem Erpressungsversuch

De spuenesche Regierungschef, huet gëschter gewarnt, beim aussergewéinlechen EU-Sommet, wou

De Knauf ass e Symbol fir déi ongefouert Debatt iwwert d’zukünfteg Wirtschaftspolitik
Neiegkeeten

De Knauf ass e Symbol fir déi ongefouert Debatt iwwert d’zukünfteg Wirtschaftspolitik

D’Steewollfabrik vun der Entreprise Knauf hat sech an de leschte

POST: Erneierung vum Kollektivvertrag

POST: Erneierung vum Kollektivvertrag

Zesumme mam LCGB, OGBL an der Associatioun „Syndicat des P&T“ huet POST Luxembourg gëschter de Kollektivvertrag ënnerschriwwen, deen elo fir dräi Joer gëllt an um 1. Januar 2021 a Kraaft trëtt.

Dobäi hu sech d’Verhandlungen an d’Upassungen haaptsächlech ëm zwou Achsen gedréit. Zum engen si verschidde Karriären opgewäert ginn. Zil ass et konkurrenzfäeg ze bleiwen an operationell Stabilitéit ze kréien.

Zum aneren koum et zu Verbesserung bei der Gestioun vun de Schaffzäiten. D’Aarbechtszäiten goufen iwwerschafft an zousätzlech dozou gouf en Zäitspuerkont agefouert. Dës weideren huet ee sech dozou entscheet, den Teletravail ze institutionaliséieren fir esou méi Flexibilitéit ze garantéieren.

POST Kollektivvertrag
(v.l.n.r.) Milena STEINMETZER, stellvertriedend Zentralsekretärin vum OGBL (Ersetzt de Christian SIKORSKI); Céline CONTER, Sekretärin vum LCGB; Claude Strasser, Generaldirekter vu POST Luxembourg; Gilbert Goergen, Represendnt vum „Syndicat des P&T“© POST Luxembourg

Well d’Verhandlunge sech an d’Längt gezunn hunn, dierfen d’Kollaborateuren sech iwwert eng eemoleg Primm an dësem Mount freeën. D’Héicht vun dëser Primm hänkt gëtt am Verhältnis zur Astellung an Tâche berechent.

Fir de Syndikat waren d’Fortschrëtter fir déi niddreg Karriären noutwenneg. Scho laang setze sech d’Memberen dofir an, datt de Mindestloun ëmmer méi héich sollt sinn wéi de soziale Minimum. D’Gewerkschafte freeën sech iwwert d’Eenegung, wat awer net heescht, datt een d’Féiss héich leeën kann. D’Situatioun gëtt am A behalen an et preparéiert ee sech op d’Konventioun vum Kollektivvertrag 4.0.

De Claude Olinger, Direkter vun den Ressources Humaines bei der POST, weist sech zouversiichtlech, dass d’Upassungen zur Moderniséierung vun Entreprise bäidroen.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Milena STEINMETZER, stellvertriedend Zentralsekretärin vum OGBL (Ersetzt de Christian SIKORSKI); Céline CONTER, Sekretärin vum LCGB; Claude Strasser, Generaldirekter vu POST Luxembourg; Claude Olinger, Direkter vun den Ressources Humaines bei POST Luxembourg; Gilbert Goergen, Represendnt vum „Syndicat des P&T“ © POST Luxembourg

Related topics Aarbechtszäiten, Claude Olinger, Claude Strasser, Karriär, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL, POST Luxembourg, Primm, Syndikat P&T, Zäitspuerkont
Next post Previous post