Search

You may also like

Neie Festival zu Lëtzebuerg: LOA Festival by Lalux & Spuerkeess
Neiegkeeten Sport

Neie Festival zu Lëtzebuerg: LOA Festival by Lalux & Spuerkeess

Véier jonk Entrepreneren hu gemeinsam mat enger Rëtsch Sponsoren en

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 11.12.)
Neiegkeeten Sport

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 11.12.)

[onionbuzz quiz-id=83][/onionbuzz] Eng weider Woch ass ëm! An dat heescht,

D’Raiffeisebank bitt nohalteg Visaskaart un
Neiegkeeten Sport

D’Raiffeisebank bitt nohalteg Visaskaart un

Am Kampf géint déi negativ Auswierkunge vun der globaler Erwiermung

Déi 25. Editioun vum POST-Laf steet un

Déi 25. Editioun vum POST-Laf steet un

Si ass déi weltwäit schéinste Course déi all Joers vun der Amicale POST Lëtzebuerg organiséiert gëtt an fir d‘Jubiläumseditioun vum POST-Laf, déi sech ganz op de Beräich vun der Industriezon Cloche d‘Or konzentréiert, gëtt et de 15. Mäerz vill héichwäerteg Präisser an och Entertainment.

Et ass dann och den éischten urbane Laf vum Joer an alles wat um Dag vun der Course 15 Joer al ass, dierf – géint eng Participatioun vun 13 Euro – sech en Chip un den Enkel neelen a matlafen. Fir dat Geld dierf ee sech awer och waarm maachen, d‘Vestiairen an d‘Duschen notzen a virun allem de Collector-Tshirt „Postlaf 2020“ mat heem huelen. Ob eBay gi schonn d‘Präisser an d‘Dausender…

A fir e Jubiläum brauch et natierlech och Präisser déi dem Alter gerecht ginn. An dofir muss een net emol sportlech ënnerwee sinn, well et heescht datt all „25. Leefer“ am Klassement (den éischte gëtt hei matgezielt) e Gratis Kinosticket kritt. Wahnsinn! Da war nach ni do, esouvill Motivatioun op ee Schlag, do kréien et déi aner dëst Joer awer schwéier gemaach… wéi soll een esou eppes Toppen?

Eise Knetzelen a Krapperte gëtt och de volle Programm gebueden. Gutt déi lafen elo hei éischter matenaner wéi da géintenaner, an e Kinosticket kréien si och net, mee de Spaass ass jo déi beschte Motivatioun beim vun enger Versécherung gesponserte „Post4Kids Laf“ iwwert déi 500 oder 1000 Meter Distanz matzemaachen. Si ginn zudeem och soss iwwert den Dag gutt encadréiert heescht et.

Fir déi, deenen hir Been nach net laang genuch sinn fir matzelafen, gëtt eng Crèche ageriicht (heifir muss ee sech zwéngend aschreiwen, denkt w.e.g. dorunner). D‘Gestioun vun dëser Crèche fir Kanner am Alter tëscht 2 an 8 Joer iwwerhëlt d‘Caritas. Domadder wier dann och séchergestallt dat d‘Kierch am Duerf bleift. D‘Crèche, esouwäit d‘Informatioun, ass ab 12 Auer operationell.

POST-Laf

© Jose Fontano / unsplash

Lafen einfach esou, dat mécht hautdesdaags wéineg Sënn, firwat dann och iergendwéi ëmmer eppes Karitatives mat esou engem Evenement muss verbonne ginn. Wie wëll, kann also och beim 25. POST-Laf iwwert de Spendenteppech vun der Caritas lafen an hei entweder verspriechen en Don ze maachen, oder einfach direkt op d‘Kautioun vum Lafzäit-Chip verzichten an se der Kierch loossen.

All dat villt Geld dat hei gesammelt (oder versprach) gëtt, soll opgewannt ginn, fir et defavoriséierte Residenten zerguttst kommen ze loossen, déi iwwert de Sport nees solle fit fir d‘Gesellschaft gemaach ginn. All d‘Detailer zur Aschreiwung fannt dir ënnert www.postlaf.lu. Opgepasst! Et kann ee sech nëmme bis den 28. Februar online aschreiwen. D‘Redaktioun wënscht alle vill Spaass.

Vergiesse mir net drop hinzeweisen, datt dësen Event ouni d‘Bedeelegung vun der Stad Lëtzebuerg, dem däitsche Bertelsmann-Konzern an de ville Werbepartner vum Staatssender RTL, net kéint op d‘Bee gestallt ginn. Et ass deemno och sënnvoll bei dëse Werbepartner, déi vill Geld an de Grapp geholl hunn, anzekafen oder zumindest hir Produkter ze benotzen. Besser ass et soss néierens.

Illustratioun: © Jeroen den Otter / unsplash

Related topics Cloche d'Or, Jubiläum, Lafen, POST-Laf, Sport, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post