POST Lëtzebuerg mat NEXT: Fir d‘Kreativitéit aus dem Gewinnten ausbriechen

Innovatioun wiisst, wou Kreativitéit gefërdert gëtt. No iwwer 180 Joer Bestoen brécht d‘POST Lëtzebuerg aus hirem bekannten Design aus a fërdert d‘Kreatioun vun neien Iddien a Konzepter duerch NEXT. Haut wäert dëse modernen an aluedenden Espace op der Cloche d‘Or, a Presenz vum Wirtschaftsminister Franz Fayot ageweit ginn.

Schonn eleng duerch säin Numm NEXT soll op Fortschrëtt an Dynamik higewise ginn. Ma, eigentlech handelt et sech ëm eng Fläch vun 365 m², déi Plaz fir bis zu 50 Persoune bitt. Et geet ëm d‘Inspiratioun, d‘Kreatioun, den Echange, d‘Ausprobéieren an den Neiufank, wouduerch d‘POST op säi bekannte giel-gréngen Design verzicht huet an esou Plaz fir eng gewësse Fräiheet a Saache Kreativitéit a Konzeptioun vun neien innovativen Iddien bidde wëll.

Fir d‘Gebai Weierbaach ëmzegestalten huet ee sech d‘Agence Win-Win vu Paräis zur Säit geholl. Den Innenarchitekt Laurent Boaretto huet sech ëm eng hell a modern Ariichtung gekëmmert, wärend den Artist Matthieu Koga, alias KogaOne verschidde Maueren mat bloen Higucker bemoolt huet.

NEXT

Den Artist Matthieu Koga, alias KogaOne © POST Lëtzebuerg

Fir déi gefuerdert Fräiheet an der Kreativitéit ze hunn, wollt een och dem Gebai Fräiheete loossen. Esou ginn et keng fix Säll, mee eng Fläch déi jee no Besoin ageriicht an ëmgestalt ka ginn. No der Lobby geet et fir d‘Kollaborateuren, d‘Partner an interesséiert extern Persounen duerch e futuristeschen Tunnel an den NEXT-Universum.

Den Haaptsall stellt verschidde Beräicher, Outilen, Sëtz- a Schaffméiglechkeeten zur Verfügung. A well och kreativ Käpp emol eng Paus brauchen, gëtt et en „Chill-Room“ fir ze entspanen. Besonnesch spannend ass de Ring, an deem allerdéngs net geboxt, mee éischt ëm Iwwerzeegungskraaft gekämpft an diskutéiert gëtt, respektiv oder och Pitches ofgehalen ginn.

NEXT

Uewen: Den Accueil an de futuristeschen Tunnel – Ënnen: Den Chill-Raum an déi kreativ Espacen © POST Lëtzebuerg

Eraus aus dem alldeeglechen Aarbechtsëmfeld, eran op eng Fläch, wou der Imaginatioun keng Grenze solle gesat sinn. Ob dëst nawell interessant Konzept Friichten dréit, wäert een da gesinn, wann éischt Projeten mam Verweis op NEXT der Ëffentlechkeet virgestallt ginn.

Dernières nouvelles