Search

You may also like

Europa: De Klimawandel an déi atmosphäresch Pollutioun ass ee Risiko fir d‘Gesondheet
Business Neiegkeeten

Europa: De Klimawandel an déi atmosphäresch Pollutioun ass ee Risiko fir d‘Gesondheet

D‘Erhéijung vun den Temperaturen an d‘Hëtztwellen déi dem Klimawandel geschëlt

Grouss Tuning-Kontroll op der Kockelscheier
Business Neiegkeeten

Grouss Tuning-Kontroll op der Kockelscheier

An de leschte Woche koum et des Ëfteren zu gréisseren

Den Télétravail, e Phenomen am Zäitgeescht
Business Neiegkeeten

Den Télétravail, e Phenomen am Zäitgeescht

Am Kader vun enger Etüd déi vum RETEL (Reseau d‘Études

POST Lëtzebuerg huet um grénge Postdag 2021 deelgeholl

POST Lëtzebuerg huet um grénge Postdag 2021 deelgeholl

Dee bestëmmt zouverlässegste Post-Operateur bannent der Europäescher Unioun setzt sech all Dag fir eng besser Ëmwelt, Klimaschutz an zefridde Mataarbechter an. POST Lëtzebuerg ass aus enger klimatescher Siicht, de Lëtzebuerger „Fiels an der Brandung“.

Si sinn ee vun de grousse Partner vum 3. grénge Postdag (Green Postal Day), den 2021 vun den Haaptacteuren am postalesche Beräich begleet gëtt. Et ass wichteg datt déi am postalesche Secteur Aktiv privat Entreprise sech hirer Verantwortung géintiwwer der Ëmwelt, der Natur an dem Klima bewosst ginn, firwat dësen Dag eng Tribün ass, op där ee säin Engagement nach emol bestätegt.

2009 hat et éischt sektoriell Initiative gi fir d‘Emissiounen ze reduzéieren. Eelef Joer méi spéit hunn déi un dëser Aktioun bedeelegt Entreprisen 22% vum Fuerpark duerch alternativ Gefierer ersat. Den Undeel vun den erneierbaren Energie representéiert 33%. Haut engagéieren sech déi bedeelegt zesummen, 50% vum Fuerpark duerch alternativ Gefierer ze ersetzen. An domadder net genuch.

75% vun der genotzter Energie, soll bis 2030 aus erneierbaren Energiequelle kommen. Bei eis zu Lëtzebuerg besteet de Fuerpark vun der POST aus 12% alternative Gefierer. Zil ass et laangfristeg zu 100% elektresch Gefierer ze hunn. De gréisste Beitrag dee POST Lëtzebuerg zu Reduktioun vun den Emissioune leescht, sinn déi 100% gréng Energie aus den erneierbare Quellen, déi d‘POST aus senge Gebaier an Datenzenter zitt.

Related topics Ëmwelt, Erneierbar Energien, Green Postal Day, Klimaschutz, Post Lëtzebuerg
Next post Previous post