Search

You may also like

Editorial: E Verfassungsrechtlech garantéiert Massaker
Kultur Neiegkeeten

Editorial: E Verfassungsrechtlech garantéiert Massaker

Kann een an Amerika den „second amendment“ aus der Verfassung

Kee soziale Getto op der Schanz!
Kultur Neiegkeeten

Kee soziale Getto op der Schanz!

Lëtzebuerg stécht esou déif an enger Logementskris, datt esouguer wann

An der Belsch wëllen se de Fouss vum Gas huelen
Kultur Neiegkeeten

An der Belsch wëllen se de Fouss vum Gas huelen

Wann et eescht gemengt ass, bis 2030 den Ausstouss vun

D’Post presentéiert 6 nei spezial Timberen

D’Post presentéiert 6 nei spezial Timberen

Een vun de speziellen Timberen, déi säit gëschter an all Postbuttek (an online) disponibel sinn, ass zu Éieren vun der Rubinhochzäit vum LL.AA.RR. dem Groussherzog an der Groussherzogin entstanen. Si konnten hire 40. Hochzäitsdag op Vältesdag 2021 feieren. D’Publikatioun PhilatéLux vun dësem Mount stellt déi nei Sammlerstécker vir an informéiert iwwer hir jeeweileg Charakteristiken a Motiver.

Nieft dem Timber zur Rubinhochzäit, ginn och den 125. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin, 50 Joer Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire (FLMP), en halleft Joerhonnert Fondation Maison de la Porte Ouverte, 75 Joer Handballfederatioun an 100 Joer Soroptimist International gefeiert.

De Landesuebstbauveräin gouf Enn 1894 gegrënnt. An dëser Zäit waren d’Wanteren nach haart an d’Uebstbeem gefruer. No an no hu sech e puer Leit zesummegedoen, fir nei Beem ze planzen.

Timberen

Bleiwe mir dobaussen a kommen zu engem beléiften Hobby zu Lëtzebuerg: Wanderen. Et gi vill ënnerschiddlech Wanderweeër, déi grouss Villfalt erméiglecht et, Lëtzebuerg a seng verschidde Regioune kennenzeléieren. Duerch d’FLMP ginn all Joer zuelräich Wanderungen organiséiert, duerch déi een d’Land entdecke kann.

Timberen

Wärenddeem konnt d’Handballfederatioun, déi elo hier 75 Joer zelebréiert, dëst Joer hier éischt Nationalmeeschterschaft presentéieren.

Timberen

E weideren Timber hieft Soroptimist International ervir. 1921 gouf dës Organisatioun a Kalifornien gegrënnt. Mëttlerweil zielen si 75.000 Memberen aus 130 Länner, wouduerch et déi gréissten Organisatioun ass, déi sech fir d’Fraen asetzt.

Timberen

Ma, och un d’Fondatioun de la Porte Ouverte huet d’Post geduecht. Hei gëtt sech ëm Jugendlecher, jonk Mammen, jonk Elteren, ëm jonk Fraen a Männer an Nout gekëmmert. D’Fondatioun bitt Schutz, an all Ënnerstëtzung, déi gebraucht gëtt, sief dat psychologesch, sozial oder juristesch.

Timberen

E Stempel vum Dag vun der Ausgab wäert den 9. Mäerz 2021 am philatelisteschen Empfang vun der POST Philately ubruecht ginn.

Weider Informatiounen zu den Timbere fannt Dir am PhilatéLux an op www.postphilately.lu.

Opmaacherfoto: POST Luxembourg / Facebook

Related topics Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire, FLMP, Fondation Maison de la Porte Ouverte, Handballfederatioun, Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin, PhilatéLux, Post, Rubinhochzäit, Soroptimist International, Spezialeditioun, Timberen
Next post Previous post