Search

You may also like

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee
Neiegkeeten

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee

An engem Pressecommuniqué deelt déi „Lëtzebojer Football Ligue“ mat, datt

Ee spannende Méindeg
Neiegkeeten

Ee spannende Méindeg

Natierlech denkt jiddereen un a rechent mat engem Confinement. Deen

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen
Neiegkeeten

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen

Et waren, datt muss ee leider festhalen, net der Däiwel

Staatsbetrib bedreift onlautere Wettbewerb

Staatsbetrib bedreift onlautere Wettbewerb

Datt sech kleng Entreprisen esou schonn eppes schwéier dinn sech géint déi „Grouss“ ze behaapten ass gewosst. Wann awer elo och nach Staatsbetriber ermontert ginn sech a „concurrence deloyale“ ze üben, dat gëtt hei zweiwelsfräi mat engem de Geck gemaach.

Esou ass gewosst, datt d‘POST Lëtzebuerg senge Cliente Abonnementer ubitt, wou si gewëssen Applikatioune kënnen notzen oder Internetsäite besichen, ouni dat dëst deen am Abonnement festgehalenen Datevolume beaflosst. Besser nach: esouguer wann de Client säin Datevolume ganz opgebraucht huet, kann hien „ausgewielten“ Appen an Internetsäite weider an ouni zousätzlech Käschte weider mat sengem Handy/Tablett besichen/notzen.

Dat ganzt nennt sech „Zero-Rating“ an d‘POST bitt dat fir gewësse sozial Medien, Musek- a Film-Streamingdéngschter an een „Noriichteportal“ un. Hei geet d‘POST dann och zimmlech geziilt vir, an wien als „Partner“ consideréiert gëtt huet dann och besonnesch Privilegien. Am Kloertext bedeit dat awer net méi an net manner, datt en User dee Websäite vu klenge Startup-Entreprise besicht, u sengem Datevolume knabbert. Net esou bei de „Partner“.

Méi bildlech: Wie mat sengem Abo vun der POST d‘Noriichten (oder soss RTL-Säiten) besicht, kann esouvill Datefloss verbrauche wéi hie wëll, dank dem „Zero-Rating“ huet dat keen Afloss op säin am Abonnement enthalenen Datevolumen. Besicht een allerdéngs eis Säit (moien.lu) da gëtt all Byte vum Datevolumen ofgehalen. Datt dat onlautere Wettbewerb ass, schéngt d‘POST, déi eng „privatiséiert“ Staatsentreprise ass, net ze stéieren.

Natierlech wëll kee bei der POST dozou Stellung huelen an och de Kommunikatiounsminister well sech offenbar net zu de Froen, déi sech hei stellen, äusseren. Schonn am Februar 2019 haten d‘Pirate mat enger parlamentarescher Fro op de „Zero-Rating“ opmierksam gemaach, a senger Zäit huet et geheescht:

De BEREC plangt dës Netz-Neutralitéit-Richtlinnen 2019 ze aktualiséieren,an eng präzis Schrëtt-fir-Schrëtt Uleedung virzegesinn, fir Zero-Rating Offeren ze evaluéieren. Ausserdeem wäerten nei Variante vun Zero-Rating Offeren adresséiert an analyséiert ginn”.

Weider heescht an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro: “Den Zero Rating ass eng pratique commerciale, déi net verbueden ass, mee déi illicite ka sinn, wa se duerch hiren Ëmfang de Choix an den Accès vum Consommateur an der Praxis materiell aschränkt“. D‘Regierung huet och op d‘Roll vum Reguléierungsinstitut ILR verwisen, déi ee Rapport ausgestallt hunn, aus deem net géif ervirgoen, dat de „Zero-Rating“ Afloss och d‘Präisentwécklung huet.

POST

Dat gesäit de BEREC anescht an a senge Richtlinnen heescht et: „Am Fall vun Accorden an/oder Praktiken déi eng technesch Diskriminéierung involvéieren, dat enger Ongläichbehandlung entsprécht, déi net mam Artikel 3(3) kompatibel ass“. Dat heescht, datt wann Applikatiounen oder Internetsäite blockéiert ginn, wann de Datevolumen opgebraucht ass, an déi „Zero-Rated“ weider accessibel bleiwen, dat géint d‘Richtlinne verstéisst.

Fir esou kleng Entreprise wéi moien.lu ass dat wat d‘POST sech do erlaabt schonn en zolitten Desavantage, well déi meescht Lieser eis Säiten iwwert den Handy oder d‘Tablett consultéieren. Mee net nëmme mir si betraff, och kleng Betriber an Entreprise ginn hei iwwert de Leescht gezunn, firwat dann esou eng Praxis, déi dann och nach vun enger a Staatsbesëtz befëndlech „privater“ Entreprise bedriwwe gëtt, explizitt innovatiounsschiedlech ass.

Erschreckend dann awer och d‘Feststellung datt et keen ze stéiere schéngt. „Wat hutt dir awer nees Problemer“, esou am Resumé d‘Äntwert vu Leit déi mir zu dësem Thema befrot hunn. Den ILR sengersäits huet eis nees un de Kommunikatiounsministère verwisen. Datt et dozou schonn en Urteel vum europäesche Geriichtshaff gëtt, geet also esouguer dem Reguléierungsinstitut hanne laanscht. Mee gutt, datt de Staat seng Betriber schützt…

Illustratioun: Vill Mënsche consultéieren d‘Noriichte wann si ënnerwee sinn. Mam Handy oder der Tablett ass dat jo haut alles kee Problem méi. Dat bréngt mat sech, datt ee séier kann de Wupp vum zur Verfügung gestallten Datevolumen erreechen, an et op emol richteg Deier gëtt. Dat ass net de Fall, wann den Operateur gewëssen Applikatiounen an/oder Internetsäite vun dësem Datevolumen ausschléisst. Dat awer ass onlautere Wettbewerb. © Robin Worrall / unsplash

Related topics BEREC, concurrence déloyale, ILR, Netzneutralitéit, onlautere Wettbewerb, Post Lëtzebuerg, Zero Rating
Next post Previous post