EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion
E Mëttwoch, huet dat europäescht Parlament zu Stroossbuerg d‘Aféierung vun
E Mëttwoch, huet dat europäescht Parlament zu Stroossbuerg d‘Aféierung vun
Vu que, datt de Boris Johnsson sech net der Press
De 17. Mäerz 2019 huet d‘EU-Komissioun dem Verkaf vun de
Zënter 2012 luet d’Post d’Philatelisten a Verléifte vum Lëtzebuerger Patrimoine, wéi och all Virwëtzeg dozou an, onst Land duerch speziell Timberen nei ze entdecken, wat duerch d’Zesummenaarbecht mat den Editions Guy Binsfeld méiglech gemaach konnt ginn.
Fir dës néng Timberen mam néidegen Hannergrondwëssen ze kreéieren, huet ee sech Hëllef bei natur&ëmwelt gesicht. Ganzer dräi Joer goufen Iddien, Erfarungen a Kenntnisser zesummegedroen. D’Missioun vun der a.s.b.l. Ass et, op d’Natur uecht ze ginn an d’Ëffentlechkeet heizou ze informéieren. Hire Jubiläum wollten si dofir zesumme mat der Post feieren.
D’Villercher op den Timbere goufe vum belsche Kënschtler Johan de Crem kreéiert, hien ass fir seng ornithologesch Designer bekannt. Op de Säite kann de Lieser d’Geständnisser vun dësem Enthusiast, deen aktuell zu Avignon (FR) wunnt, entdecken. Säi Wësse benotzt de Kënschtler dozou, verschidde Villerchersaarte mat wëssenschaftlecher Genauegkeet duerzestellen. Dës aacht Editioun vun „Dat ass Lëtzebuerg!“ gëtt dem Lieser esou en Iwwerbléck iwwer d’Villfalt vun der ornithologescher Fauna zu Lëtzebuerg.
Den Album ass och en Hommage un d’Bekanntschaft vum Patric Lorgé, engem Ornitholog am Ornithologeschen Zentrum vun natur & ëmwelt. Den Expert erkläert, wéi säin Team (a vill Fräiwëlleger) onermiddlech Dausende vun Daten iwwer Lëtzebuerger Villercher sammelen.
Am Kader vun dëser Publikatioun fënnt en Verkafsausstellung vun zwanzeg originelle Biller vum Kënschtler Johan de Crem statt – an dat bis de 4. Dezember 2020 am Sall vun der Espace POST zu Lëtzebuerg-Gare, 20 rue de Reims.
Den Zougang zu dëser Ausstellung ass gratis a wärend den normalen Ëffnungszäiten. Se gëtt mat den néidege sanitäre Sécherheetsmoossnamen ofgehalen.
„Dat ass Lëtzebuerg!“ fannt Dir am POST Philatelie Online Shop (www.postphilately.lu), um philatelistesche Comptoir (13, rue Robert Stümper, Cloche d’Or), am Espace POST op der Gare an a verschidde Bicherbutteker.