Search

You may also like

Konfliktsituatioun am persesche Golf
Neiegkeeten Sport

Konfliktsituatioun am persesche Golf

Zanter datt sech den Dissens tëscht den USA an dem

Den Däiwel beim „March for Life“
Neiegkeeten Sport

Den Däiwel beim „March for Life“

Hien ass zynesch, Misogyn an erwisenermoossen och ee Rassist, beherrscht

Trump-Ried zum Onofhängegkeetsdag (mat Analys)
Neiegkeeten Sport

Trump-Ried zum Onofhängegkeetsdag (mat Analys)

Egal aus wéi engem Bléckwénkel een et wëll gesinn, dem

POSTLAF 2021: Ganzer 17.000 € si fir de karitativen Zweck zesummekomm

POSTLAF 2021: Ganzer 17.000 € si fir de karitativen Zweck zesummekomm

A Form vun enger virtueller Aktivitéit konnten beim POSTLAF 2021, deen um 14. Mäerz stattfonnt huet, relativ grouss Zuelen zustane kommen: Déi 1.170 Participanten mat 48 verschidden Nationalitéiten hunn am Ganzen 12.870 km zeréckgeluecht an dobäi Sue fir de karitativen Zweck gesammelt.

Nieft perséinlechen Donen vun de Leefer huet d’POST Lëtzebuerg 5 € pro Participatioun bäigeluecht, wouduerch e Betrag vu 17.000 € gesammelt konnt ginn. En Dënschdeg, de 27. Abrëll 2021 ass de Scheck u Caritas Lëtzebuerg iwwerreecht ginn.

De Claude Strasser, Generaldirekter vu Post Lëtzebuerg, de Mike Orazi, President vun der Amicale POST Lëtzebuerg an de Fabien Koser, President vum Organisatiounscomité vum Postlaf, hunn der Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg, dem Marie-Josée Jacobs den Don perséinlech gereecht. Mat dobäi waren nach de Marc Kaufmann aus dem Organisatiounscomité vum Postlaf, sou wéi d’Stéphanie Sorvillo a Caroline Thewes vu Caritas Lëtzebuerg.

Duerch d’Coronakris konnt de Postlaf an dësem Joer net, wéi gewinnt, dobaussen a physescher Form stattfannen. D’Ekipp hat sech dofir decidéiert, e virtuellt Evenement ze organiséieren, bei deem all Participant eng Streck vun op mannst 10 km bei sech an der Géigend eraussichen an zeréckleeë sollt, sou datt de Kontakt vun ze ville Leefer vermeit gëtt.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Marie-Josée Jacobs, Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg; Caroline Thewes, Caritas Lëtzebuerg; Stéphanie Sorvillo, Caritas Lëtzebuerg; Mike Orazi, President vun der Amicale POST Lëtzebuerg; Marc Kaufmann, Member vum Organisatiounscomité vum Postlaf; Claude Strasser, Generaldirekter vu Post Lëtzebuerg; Fabien Koster, President vum Organisatiounscomité vum Postlaf © POST Lëtzebuerg

Related topics Caritas Lëtzebuerg, Caroline Thewes, Claude Strasser, Don, Fabien Koster, Lafen, Marc Kaufmann, Marie-Josée Jacobs, Mike Orazi, Postlaf 2021, Scheck, Stéphanie Sorvillo, Virtuellt Evenement
Next post Previous post