POSTLAF 2022 nees als virtuellen Challenge: D’Aschreiwunge sinn op

Den 20. Mäerz 2022 wäert den traditionelle POSTLAF, organiséiert vun der Amicale POST Lëtzebuerg stattfannen. Verpakt als virtuellen Challenge, kënnen d’Participante sech selwer eng Streck eraussichen, déi op mannst 10 km muss hunn.

Als Beweis muss uschléissend de getrackte Parcours (mat de Kilometer an der Zäit) un den Organisateur geschéckt ginn. Mam LaLux-Kidsrun kënnen och Kanner, déi tëscht 2008 an 2017 gebuer sinn, um POSTLAF deelhuelen. Allerdéngs gëllt fir si keng Mindestdistanz. Als Belounung, respektiv Souvenir erhält all Kand eng Medaile an en T-Shirt.

D’Participatioun um POSTLAF 2022 ass gratis, allerdéngs freeë sech d’Organisateuren iwwert all Don, deen un d’Lëtzebuerger Caritas geet (CCPL LU28 1111 1164 2323 0000 – POSTLAF). Ënnert alle Persounen, déi spenden, gi Präisser verdeelt, dorënner och en Openthalt zu München fir 2 Persounen. POST Lëtzebuerg iwwerweist fir all Participatioun nach emol 5€ als Don.

Nach bis de 6. Mäerz 2022 inclus kënnt Dir Iech iwwert www.postlaf.lu umellen.

Bei der Editioun vum leschte Joer hunn 1.170 Persounen deelgeholl an hunn zesumme ganzer 12.870 km zeréckgeluecht. Heibäi konnte 17.000 € fir de gudden Zweck gesammelt ginn.

Dernières nouvelles