Search

You may also like

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta
Kultur Neiegkeeten

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta

Malta mécht d’Bestietnes op. Et kënnt enger Revolutioun gläich. E

dislike
Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren
Kultur Neiegkeeten

Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren

De Jimmy Morales, President vum Guatemala mécht et dem staarke

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck
Kultur Neiegkeeten

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt muer mam Reamenagement vun der N34

Lëtzebuerger Kultur a Kreatioun: PostTV wëll Artisten eng Bühn bidden

Lëtzebuerger Kultur a Kreatioun: PostTV wëll Artisten eng Bühn bidden

Fir de Lëtzebuerger Artisten a Kreateuren eng Plattform ze bidden, si an hirem Schafen ze ënnerstëtzen an de Kontakt mam Publikum oprecht ze erhalen, huet d’POST elo dräi weider Sendungen op PostTV bäigefüügt.

Folgend Sendungen wäerten eng grouss Kollektioun u Spektakele presentéieren, an dat och am Replay:

  • KUK – KulturKanal fir Lëtzebuerg: Presentéiert ginn d’Videoproduktiounen, déi am Kader vum Projet „Live aus der Stuff“ entstane sinn. Disponibel ass dat um Kanal 91 vu PostTV;
  • LëtzMusek: Dëse Kanal offréiert een onbegrenzten Zougang zu méi wéi 500 Musekclips, déi duerch lokal Artisten entstanen sinn a gedeelt ginn. Disponibel ass dat um Kanal 92 vu PostTV;
  • Rocklab Pop-Up Sessions: Och ze fannen um Kanal 92 sinn Optrëtter aus der Rockhal.

PosTVScHmIT HAPPENS Comedy © POST Luxembourg

Ab dem 1. Mäerz kommen dann och reegelméisseg – all Méindeg um 19:00 Auer – Emissioune vum Lëtzebuerger Komedien Marc Schmit. Dobäi ginn ëmmer 15 Minutte vum Programm „ScHmIT HAPPENS Comedy“ gewisen.

Opmaacherbild: © KUK2021

Related topics KUK, Kulturkanal, LëtzMusek, Marc Schmit, Post, PostTV, Replay, Rocklab Pop-Up Sessions, ScHmIT HAPPENS
Next post Previous post