Search

You may also like

dislike
De Budget 2018 an 9 Tweets
Neiegkeeten

De Budget 2018 an 9 Tweets

D’Presentatioun vum Budget ass eng vun de wéinegen Occasioune, bei

money
Neies am Dossier ArcelorMittal/ILVA: „Nach gëtt gepréift“
Neiegkeeten

Neies am Dossier ArcelorMittal/ILVA: „Nach gëtt gepréift“

Aus engem Communiqué vun ArcelorMittal gëtt ervir, datt de Lëtzebuerger

Ankara ass vu sozialen Netzwierker net begeeschtert
Neiegkeeten

Ankara ass vu sozialen Netzwierker net begeeschtert

De President vun der Tierkei, Recep Tayyip Erdogan, en ausgewisenen

Brauch et méi Pouvoir fir d‘Pecherten?

Brauch et méi Pouvoir fir d‘Pecherten?

Nodeems d‘Stad Lëtzebuerg op privat Sécherheetsfirmaen zréckgräift, wat zumindest juristesch mat Problemer kann anhier goen, huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet virgeschloen, de Mangel u Polizisten duerch méi Kompetenze fir déi kommunal Agenten (Pecherten) auszegläichen. D‘ASAM (Verbond vun de kommunalen Agenten) ënnerstëtzt dës Propose.

Datt de Garer Quartier ee sougenannte „Brennpunkt“ duerstellt, huet ee groussen Zesummenhang mam Drogenhandel an der sech uschléissender Beschafungskriminalitéit. Dorunner huet sech och näischt geännert, nodeems d‘lescht Joer d‘Kommissariat op der Gar mat weideren 30 Beamte konnt verstäerkt ginn. A well d‘Leit sech onsécher fillen, huet d‘Stad Lëtzebuerg eng ënnerholl.

Elo huet den Asaz vun enger privater Sécherheetsfirma awer och fir vill Geknouters gesuergt an d‘Oppositiounspartei déi lénk an der Gemeng, wéi och d‘Piraten an der Chamber, sinn net gewëllt dat esou hinzehuelen. Si fuerderen esou vun der Inneministesch, wéi vum Minister fir bannenzeg Sécherheet Verantwortung ze iwwerhuelen. Zudeem stellt sech hei d‘Fro vun der legaler Basis.

Vum Henri Kox – deen den Ament grad a Covid19-Quarantaine sëtzt – gouf elo ugekënnegt, datt hie sech esou séier wéi méiglech mam Taina Bofferding concertéiere wéilt, fir ze préiwen a wéi engem Mooss een d‘Kompetenze vun de kommunalen Agenten erweidere kann, esou datt een dësen dann och zukünfteg Missiounen zum Erhalt vun der ëffentlecher Sécherheet uvertraue kann.

Wat ze maache wier…

Dat géif zumindest juristesch Sënn maachen, well am Géigesaz zu den „Agente“ vun de private Sécherheetsfirmaen, sinn d‘Pecherte jo wéinstens assermentéiert. Woubäi dat eleng natierlech net kann duergoen. Dës kommunal Agente brauchen eng hire Missiounen entspriechend Formatioun. Hire Verbond, d‘ASAM (Member vun der FGFC) huet dat ee Samschdeg esou och begréisst.

Säitens der ASAM gëtt awer och d‘Fuerderung opgestallt, hei vun Ufank un an d‘Ausschaffe vum Projet agebonnen ze ginn. Zudeem – an dat misst et längst ginn hunn – fuerdert de Verbond datt et endlech zu enger reglementéierter Zesummenaarbecht mat der Police kënnt. Da ass jo och wichteg, wa soll verhënnert ginn, Zitat: „Een deem aneren op d‘Féiss trëppelt“. Et geet ëm Kooperatioun!

Sollt et méiglech sinn, datt sech den Interieur an d‘Sécherheet verstännegt kréien, da wier et laut der ASAM och ubruecht, wann ee sech an alle Gemengen am Land op „eng“ Uniform verstännegt kritt. Wat déi „schwaarz Sheriffer“ vun der Stad Lëtzebuerg betrëfft, esou sollen déi nach bis den 31. Januar patrulléieren. Eng Zesummenaarbecht mat der Police huet de Minister hei ausgeschloss.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Related topics Garer Quartier, Henri Kox, Kommunal Agenten, Pecherten, Police, privat Sécherheetsfirma, Stad Lëtzebuerg, Taina Bofferding
Next post Previous post