Search

You may also like

Les Aralunaires 2020: Arel am musikalesche Féiwer!
Neiegkeeten

Les Aralunaires 2020: Arel am musikalesche Féiwer!

Verluecht op d’Period vum 28. Abrëll bis 2. Mee 2021

Wéi eng Perspektive fir den Horesca-Secteur?
Neiegkeeten

Wéi eng Perspektive fir den Horesca-Secteur?

Nodeems um Dënschdeg eise Premierminister mat der Gesondheetsministesch ugekënnegt hunn,

Eng „international“ Schoul fir Munneref
Neiegkeeten

Eng „international“ Schoul fir Munneref

D‘Schoulrentrée zu Munneref gëtt dëst Joer zu Munneref eng besonnesch.

Präis Hëllef fir d’Natur 2020: Wéi YFCL d’Ministere getouft huet

Gëschter Owend ass am Stater Naturmusée an am ganz klenge Kader nees den traditionelle Präis Hëllef fir d’Natur iwwerreecht ginn. Trotz Freed iwwert d’Auszeechnung hunn déi 4 Representante vu Youth For Climate Lëtzebuerg d’Geleeënheet genotzt, fir d’Politiker an d’Autoritéiten, déi am Kampf géint d’Klimakris en absolute Schleekentempo drop hunn, um Kolli ze paken a gutt ze rëselen.

De Präis, deen zënter 1985 e besonneschen Engagement fir d’Natur an d’Ëmwelt beloune soll, gouf vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, der Kulturministesch Sam Tanson, an dem Muséesdirekter Alain Faber, sou wéi dem Vizepresident vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt, dem Claude Meisch un déi jonk Aktiviste verginn, well si d’Klimakris an d’Bewosstsinn, dass sech och zu Lëtzebuerg eppes ännere muss, an de Fokus geréckelt.

Mat diversen Aktiounen, Streiken a Gespréicher Politiker weise si op d’Konsequenzen vun der Äerderwiermung, verbonne mam Biodiversitéitsverloscht, en Ongläichgewiicht an der Gesellschaft, Klimaflucht, sozial Onrouen, Iwwerschwemmungen an Dréchenten hin a fuerdren zu engem dréngenden Handelen op.

Präis Hëllef fir d'Natur 2020© Naturmusée / Facebook

Déi jeeweileg Rieden vum Lisa, Sarah, Achille an Jerry vu YFCL waren net déi typesch Danksagungen, wéi een se eigentlech vu Präisiwwerreechunge kennt. Et goung ëm Kritik an d’Fuerderung endlech ze erwächen an eppes ze ënnerhuelen. D’Gesetzer an d’Moossnamen géifen ze vill Spillraum an ze vill Interpretatiounsraum loossen. Donieft hu si drop higewisen, dass Lëtzebuerg nach ëmmer ze vill déi Firmen ënnerstëtzt, déi fir fossil Energie stinn.

Um Wee vum Wandel wier et essentiell op d’Wëssenschaftler ze lauschteren an d’Klimakris endlech als Prioritéit unzegesinn. „Et geet net dorëm just engem Paräisser Ofkommes ze folgen, et geet drëms Liewen ze retten, sief et Déiereliewen oder Mënscheliewen“, sou den Achille.

An hir Fuerderungen? Jo, där hate si natierlech och dobäi. YFCL verlaangt d’Ëmklammen op erneierbar Energien, den Ausbau vum ëffentlechen Transport, d’Investitiounen a fossil Brennstoffer ze stoppen, d’Planze vu méi Bëscher, d’Promotioun vun Ernierung op planzlecher Basis, de Problem vu Steierhannerzéiung ze bekämpfen an déi Suen fir gréng Investitioun ze notzen, sou wéi aner Leit ze ënnerstëtze wa si Affer vum Klimawandel ginn.

Ma, do hunn och d’Ëmweltministesch an d’Kulturministesch emol misse schlécken, ier si d’Wierder fonnt hunn fir virum Mikro ze stoen. „Jo, mir sinn ze lues. […] Jo, et geet net duer, wat elo gemaach gëtt“, huet d’Carole Dieschbourg zouginn. Ëmsou méi wichteg wier et, dass déi Jugendlech ëmmer erëm mam Fanger op d’Wonn drécken. De Klimaschutz ass noutwenneg, fir weiderhin eng gutt Liewensqualitéit garantéieren ze kënnen.

Präis Hëllef fir d'Natur 2020© Naturmusée / Facebook

Geet „mam Fanger op d’Wonn drécken“ dann iwwerhaapt duer? Wann ee bedenkt, dass sech zënter dem Akraafttriede vum Paräisser Ofkommes Enn 2016 net wierklech vill Nennenswäertes gedoen huet, duerch dat ee behaapte kéint „Mir kommen dem Zil no“, sollt een d’Beméiungen intensivéieren an d’Moossnamen verstäerken.

Zum Präis Hëllef fir d’Natur

Nodeems de Präis 1985 duerch e ministeriellt Reglement vum Kulturministère, dem Naturmusée an der Fondatioun Hëllef fir d’Natur an d’Liewe geruff ginn ass, huet am Joer 1999 den Ëmweltministère dem Evenement seng Ënnerstëtzung ugebueden.

Bei der éischter Zeremonie ass de Präis un d’Hëpperdanger Baueren André a Jos Schanck iwwerreecht ginn ass, bei der leschter Editioun 2019 duerften dunn d’AG Feldornithologie an d’AG Beringung d’Auszeechnung erhalen.

De Präis selwer stellt eng gëllen Eil duer, a gouf vum Jean-Pierre Georg kreéiert.

Beloune soll d’Auszeechnung de remarkabelen Engagement am Beräich Natur- a Landschaftsschutz, d’Gestioun vun natierleche Reserven an dem Bësch, de Schutz a d’Restauratioun vu markante Beem, Entwécklungsprojeten an de Beräicher Natur- an Ëmweltschutz, d’Educatioun an d’Informatioun, sou wéi déi (wëssenschaftlech) Recherche zum natierleche Patrimoine.

D’Präisiwwerreechung kënnt Dir hei nach emol nokucken:

Billergalerie: © Naturmusée

Related topics Alain Faber, Biodiversitéit, Carole Dieschbourg, Erneierbar Energien, Klimakris, Naturmusée, Paräisser Klimaofkommes, Präis Hëllef fir d'Natur 2020, Sam Tanson, YFCL, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post